Proposéiert gëtt, d‘Parkingstariffer fir schwéier Autoen ze verdräifachen, op 18 Euro am Zentrum, an 12 Euro ronderëm. Betraff sinn Autoe mat Verbrennungs- an Hybrid-Motore vu méi wéi 1,6 Tonnen, an Elektroutoe vun iwwer 2 Tonnen.
Déi sozialistesch Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet déi geplangte méi deier Parkingstariffer doduerch begrënnt, datt SUVe méi polluéiere géifen, méi geféierlech fir Foussgänger wieren, a méi ëffentleche Raum géifen anhuelen.