Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Palestinensesch Mënscherechtsgruppe fuerderen internationalen Haftbefeel

Palestina

Palestinensesch Mënscherechtsgruppe fuerderen internationalen Haftbefeel

Dräi palestinensesch Mënscherechtsgruppen hunn den Internationale Strofgeriichtshaff opgefuerdert, géint Membere vun der israeelescher Regierung an der Arméi international Haftbefeeler auszestellen.

auto_stories

1 min

Déi Haftbefeeler missten sech virun allem géint déi riichten, déi responsabel si fir Verbrieche géint Kanner. Och am Ukrainkrich wiere wärend dem Krich Haftbefeeler ausgestallt ginn, dat wier e Beweis dofir, datt dat méiglech ass.

An dräi Woche wieren an der Gazasträif bal 3.200 Kanner gestuerwen, sou d‘Hëllefsorganisatioun Save the Children. Dat wieren der méi, wéi an aneren arméierte Konflikter weltwäit an engem ganze Joer. D‘Kanner géife 40% vun all den Doudesaffer an der Gazasträif ausmaachen an 1.000 weider Kanner géife vermësst ginn.