Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pakistan wëll 1,7 Milliounen afghanesch Flüchtlingen ausweisen

ONG'e schloen Alarm

Pakistan wëll 1,7 Milliounen afghanesch Flüchtlingen ausweisen

Am Pakistan ass dëse Mëttwoch een Delai ofgelaf, fir déi afghanesch Flüchtlingen, déi keng gülteg Openthaltsgeneemegung am Land hunn. Si gi gezwongen, Pakistan elo ze verloossen. Ronn 1,7 Millioune Mënsche sinn dovunner betraff. Wien net fräiwëlleg fortgeet riskéiert eng forcéiert Ausweisung.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow

Am ganze Land goufen 49 speziell Retentiouns-Zentren ageriicht, vun deenen der e puer bis zu dausende Läit kënnen ophuelen. Hannergrond wier der Regierung no d’Verschlechterung vun der Sécherheetssituatioun an der Grenzregioun tëscht béid Länner.

Mënscherechtsorganisatioune fuerdere méi Zäit fir eng Ausrees ze preparéieren. Verschidden Afghane liewen nämlech schonn zanter e puer Joer am Pakistan. D’ONGen hunn elo Alarm geschloen: si fäerten eng humanitär Katastroph.

Den ARD-Korrespondent Peter Hornung mat den Detailer.

Lauschterenplay_arrow