Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Massive Attack - Unfinished Sympathy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: "Sech all Dag fir d'Demokratie, fir d'Mënscherechter a fir d'Fräiheet asetzen"

Offiziell Commémoratioun

Luc Frieden: "Sech all Dag fir d'Demokratie, fir d'Mënscherechter a fir d'Fräiheet asetzen"

De Samschdeg gouf hei am Land mat engem offiziellen Akt um Militärkierfecht zu Hamm un d’Ardennenoffensiv erënnert. Viru ronn 80 Joer, de 16. Dezember 1944, hat déi ugefaangen, wéi däitsch Truppen am déiwe Wanter iwwerraschend amerikanesch Positiounen am Norde vu Lëtzebuerg an an der Belsch ugegraff hunn.

auto_stories

2 min

Luc Frieden Commémoratioun Ardennenoffensiv Hamm | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

D’Schluecht an den Ardenne war eng vun deene bluddegste vum Zweete Weltkrich, déi ganz vill Affer gefuerdert huet, dorënner vill Zivilisten. Nodeems de Premier Luc Frieden perséinlech amerikanesche Veterane vun der Ardennenoffensiv Merci gesot huet, huet hien nach e puer Wieder un d’Lëtzebuerger geriicht.

Lauschterenplay_arrow

"Ech wëll och alle Lëtzebuerger Merci soen, déi am Zweete Weltkrich, an och wärend der Ardennenoffensiv op der Säit vun den Amerikaner an den Alliéierte stoungen. Si hu mat hirem Leif a mat hirem Engagement och derzou bäigedroen, datt mir haut hei fräi a Friddlechkeet géifen. An duerfir musse mir eis all Dag fir d'Demokratie, fir d'Mënscherechter a fir d'Fräiheet asetzen, heiheem an Europa a soss op der Welt."

Och de Grand-Duc Henri huet a senger Ried den Amerikaner Merci gesot, déi an d’Ardennenoffensiv involvéiert waren. Nieft dem Grand-Duc a senger Fra waren ënner anerem nach déi belsch Kinnekskoppel, amerikanesch Veteranen a Politiker zu Hamm dobäi. Och d’Nancy Pelosi, bis 2023 Presidentin vum US-Parlament, sollt bei där Zeremonie dobäi sinn, mee si war jo den Dag virdrun zu Lëtzebuerg gefall an hat misse mat enger gebrachener Hëft an d’Klinik ageliwwert ginn. An der Tëschenzäit ass déi 84 Joer al Politikerin jo an d’amerikanescht Militärspidol op Landstuhl hei vir an Däitschland bruecht ginn.