Radioen

On air

Moiesstudio  |  Caroline Kingsbury - Alabama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ouni déi wichtegst Acteuren: Optakt vun der Humanitärer Konferenz a Saache Gaza

Paräis

Ouni déi wichtegst Acteuren: Optakt vun der Humanitärer Konferenz a Saache Gaza

Op Initiative vum franséische President Emmanuel Macron ass et haut um Donneschden zu Paräis den Optakt vun enger humanitärer Konferenz a Saache Gaza. Frankräich wëll virun allem erreechen, datt d‘Hëllef fir déi palestinensesch Populatioun deblockéiert gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Déi wichtegst Acteure si bei dëser Konferenz net derbäi: Israel ass net vertrueden, de President Macron hat awer een Telephonsgespréich mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.

Och déi arabesch Staate sinn net um héchsten Niveau vertrueden. Den Emir vum Katar an den ägyptesche President hu sech just iwwer Telefon gemellt. Et gouf och scho kloer gestallt, datt et no der Konferenz, op där Lëtzebuerg duerch de Xavier Bettel vertrueden ass, keng gemeinsam Deklaratioun wäert ginn. Et wéilt ee keng onendlech Diskussiounen iwwer eenzel Formulatiounen.

Firwat déi ganz Konferenz?

Gutt vertrueden si virun allem déi international ONGen, déi gären ouni Contrainten am Gaza kënne schaffen an hëllefen. Op der Konferenz soll oppe gekläert ginn, wéi vill a wéi eng Hëllef déi zwou Milliounen Awunner brauchen.

Bis Enn dës Joers wäerte ronn 1,2 Milliarden Dollar u Finanzhëllef gebréicht ginn. Energie, Liewensmëttel a medezinesch Versuergung gehéieren zu den dréngenste Problemer. Donieft gi sech op der Konferenz och konkret Zousoe fir Finanzhëllefen erwaart.

Um operationellen Niveau wëll ee virun allem erreechen, datt Israel sech méi flexibel weist wann et ëm de Passage vun Hëllefskonvoien a Waffestëllstänn geet.

Illegal israeelesch Kolonië keen Theema méi?

Politesch Observateure gesinn awer och ee politeschen Akzent, deen de franséische President wëll setzen: déi lescht Woche ware markéiert vum konsequenter Solidaritéit mat der israeelescher Positioun. Dat huet „d‘rue arabe", wéi et a franséische Medien heescht, opbruecht, an et koum zu enge sëllegen Demonstratiounen am Land.

Mee och de globale Süden huet kritiséiert, datt déi westlech Staaten d‘Schicksal vun de Palestinenser an d‘illegaalt Baue vun israeelesche Kolonië komplett aus den Ae verluer hätten. Mat der Konferenz kéint de President Macron probéieren, déi franséisch Positioun nees méi an den Equiliber ze bréngen. Frankräich géif domadder un eng al diplomatesch Traditioun uknäppen, déi der arabescher Welt méi Versteesdemech wéi aner Staaten entgéint bruecht huet.

Lauschterenplay_arrow