Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nubiyan Twist - So Mi Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun engem Mordprozess um Dikrecher Geriicht

Justiz

Optakt vun engem Mordprozess um Dikrecher Geriicht

Um Dikrecher Geriicht huet um Méindegmëtten e Mordprozess ugefaangen. Et geet ëm e Virfall aus dem Februar 2022 zu Heeschpelt an der haiteger Gemeng Groussbus-Wal. Eng haut 41 Joer al Fra hat hiren deemools 56 Joer ale Mann op d’mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen.

auto_stories

2 min

© Eric Ewald
Foto: Eric Ewald

Um Geriicht hunn de Méindeg, fir den Ufank vum Prozess, déi eenzel Polizisten ausgesot, déi mat der Enquête befaasst waren. Dobäi koum eraus, datt d’Dot schonn den 13. Februar geschitt ass, spréch 22 Deeg, ier d’Läich vum Mann fonnt gouf.

Weidere brisanten Detail: D’Affer hat wuel nach annerhallwen Dag schwéier blesséiert iwwerlieft, ier et verscheet ass, wéi d’Ugekloten ausgesot hat.

Ouni Gefillsreegung erzielt

Um Dag vun der Dot hätten d’Fra an hire Mann Sträit gehat, sot den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire de Méindeg. Dat spéidert Affer hätt e Messer geholl a si bedreet, sou d’Fra bei hirer Auditioun. Doropshi wier si en Hummer siche gaangen an hätt dem Mann gesot, hie sollt op säin Zëmmer goen. Si wier him nogaangen, hätt d’Rolllueden erofgemaach an de Mann 3 mol mam Hummer op de Kapp geschloen. Wéi hien um Buedem louch, hätt si nach 3 mol zougeschloen. Dunn hätt si hien an de Keller geschleeft a wier nach e puermol no him kucke gaangen, bis keng Reaktioun méi koum. Fir de Mann vun der PJ hätt d’Fra him alles ganz normal erzielt, ouni Gefillsregung.

Op d'mannst 6 mol op de Kapp geschloen

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Polisskommissär, deen als Éischten op der Plaz war, ausgesot, datt hien de 7. Mäerz zweemol am Haus war. D’Fra hätt him zweemol verzielt, de Mann wier ënnerwee. Beim Tour duerch d’Haus war dem Polizist opgefall, datt an der Kichen en Dësch virun enger Dier stoung. Wéi e Kolleeg doru geklenscht an d’Dier opkritt hätt, hätt de Kommissär d’Fra gefrot: Ass de Mann do ënnen? - Jo! - Ass hien dout? - Jo! Och him géintiwwer hätt d’Beschëllegt distanzéiert/neutral Aussoe gemaach.

Déi zoustänneg Enquêtrice vun der Police technique huet betount, datt am Zëmmer vum Affer ënner anerem Bluttspuere fonnt goufen. De Mann wier op d’mannst 6 mol op de Kapp geschloe ginn an eben nach eng Zäit um Liewe gewiescht. Hien hätt sech nämlech nach am Keller beweegt. D’Polizistin hat den Hummer de Méindeg matbruecht op d’Geriicht. Dee wier, sot si, ee bis annerhallwe Kilo schwéier. D’Fra wier och ënnersicht ginn, well si sot, d’Affer hätt si mat engem Messer bedreet. Si hat wuel e puer Läinzeechen, ma déi ware méi al, an eng blo Plaz, ma och déi war net frësch.

Dëse Prozess geet den Donneschdeg virun.