Radioen

On air

9 bis 1  |  Aldous Harding - Tick Tock

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mat engem Questionnaire den eegenen CO2-Foussofdrock berechnen

myimpact.lu

Mat engem Questionnaire den eegenen CO2-Foussofdrock berechnen

Mam neien Online-Tool myImpact.lu wëll de Ministère fir Konsumenteschutz d’Lëtzebuerger Konsumenten op hiren CO2-Foussofdrock opmierksam maachen. D‘Participante kréien eng Partie Froe gestallt wat hir Gewunnechten an de Kategorien „Logement“, „Transport“, „Liewensmëttel“ an „allgemenge Konsum“. Um Enn gi se da gewuer, wéi vill Tonnen CO2 se d‘Joer ausstoussen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi vill Kilometer fuert Dir an enger Woch mam Auto? Wéi vill Stonne reest Dir pro Joer mam Fliger? A wéi vill Fleesch iess Dir ? Unhand vu ronn 25 Froe rechent den Online-Tool myimpact.lu dem Bierger säi perséinlechen CO2-Foussofdrock aus. Zil wier et awer net, de Leit ee schlecht Gewëssen ze maachen, erkläert den Yves Karier vum Ministère fir Konsumenteschutz.

"Mee einfach fir de Leit ze soen: 'Hei, pass op! All Decisioun déi's du hëls fir ze verbrauchen, huet och en Impakt.' An et ass och nëmmen, wann ech weess, wéi een Impakt mäi Konsumverhalen huet, datt ech mäi Konsumverhalen och kann adaptéieren.”

Den Co2-Foussofdrock pro Awunner läit zu Lëtzebuerg bei 13 Tonnen d‘Joer. Bis 2050 sollen et nach 1,6 Tonne pro Awunner sinn. Fir dat Zil ze erreeche wier een Ëmdenken néideg, ënnersträicht den Yves Karier. Den Online-Tool soll dobäi hëllefen.

"Fakt ass, datt wann een dat mécht, da wäert jidderee mierken, esouguer ee bewosste Verbraucher: 'Ups, déi 1.600 Kilo, déi mir als Zil hunn, déi sinn net esou einfach ze erreechen.”

Och Rotschléi kann ee kréien

Um Enn vun der Berechnung gëtt den Tool de Participanten nach eng Hand voll Rotschléi pro Kategorie mat op de Wee fir ee méi verantwortlecht Konsumverhalen un den Dag ze leeën.

"Mir hunn awer insgesamt eng Honnert verschidden Tipps an Tricks a mir hunn och um Radar fir zäitno den Internetsite esou ze adaptéiere, fir datt déi Äntwerten oder déi Tipps an Tricks, déi een do kritt, datt déi wierklech och adaptéiert sinn oder ajustéiert ginn en fonction vun den Äntwerten, déi de User da wäert online maachen."

D‘Donnéeën, déi unhand vum Online-Formulaire gesammelt ginn, sollen an enger zweeter Phas analyséiert ginn a kéinten eventuell hëllefen, d’Gestaltung vun der Politik ze ënnerstëtzen, esou nach den Yves Karier vum Ministère fir Konsumenteschutz. 

Lauschterenplay_arrow