Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vum NATO-Sommet mat Lëtzebuerger Participatioun

Washington

Optakt vum NATO-Sommet mat Lëtzebuerger Participatioun

Zu Washington ass haut den Optakt vum NATO-Sommet. Am Kader vum 75. Anniversaire vun der NATO komme vun haut bis en Donneschden d’Staats-a Regierungscheffe vun den 32 Memberstaaten zesumme fir ënnert anerem iwwer den Ausbau vun de Verdeedegungssystemer ze beroden. Och Lëtzebuerger Representantë reesen dofir op Washington.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Fir Lëtzebuerg sinn de Premierminister Luc Frieden an de Vize- an Ausseminister Xavier Bettel vun haut bis iwwermuer zu Washington. Wéinst engem Schinnebeenbroch kann d’Defenseministesch Yuriko Backes net um NATO-Sommet deelhuelen.

D'Ukrain bleift dat zentraalt Theema 

Dësen NATO-Sommet steet ganz am Zeeche vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain. Den nach NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet scho fir ee substanzielle Mesurëpak an eng militäresch wéi och finanziell Ënnerstëtzung plädéiert.

Den ukrainesche President Wlodymyr Selenskyj ass och um Sommet. Hien erhofft sech weider Zousoe fir ënnert anerem d’Liwwere vu Loftofwiersystemer.

D’Fro, ob d’Ukrain formell invitéiert gëtt fir Member vun der NATO ze ginn, huet scho virun dem Sommet fir Diskussioune gesuergt. Däitschland an och d’USA sinn do dergéint, aus Suerg virun enger weiderer Eskalatioun vum Krich an der Ukrain.

All Aen op den Joe Biden

Um Programm stinn ausserdeem Gespréicher iwwer den Ëmgank mat China an d’Fro, ob d’NATO méi enk mat Partner am indopazifesche Raum zesummeschaffe soll.

Gespaant gëtt och op den US-President Joe Biden gekuckt, deen iwwermuer um Enn vum Sommet eng ofschléissend Pressekonferenz hale soll. Zënter sengem Optrëtt am TV-Duell am Kader vun den US-Wale gëtt hie staark kritiséiert.

Vum Kreml heescht et iwwerdeems, et géif een de Sommet mat enger héijer Vigilance suivéieren.

Lëtzebuerg wëll Verantwortung iwwerhuelen

Parallel zum NATO-Sommet fënnt och d’Assemblée parlementaire vun der NATO zu Washington statt. Och mat Lëtzebuerger Bedeelegung: De Chamberpresident Claude Wiseler an d’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt wäerte Lëtzebuerg do vertrieden.

Am Virfeld dovunner huet de Claude Wiseler zwee Haaptmessagë mat op de Wee ginn: Éischtens wier Lëtzebuerg bereet, Verantwortung am Beräich vun der kollektiver Verdeedegung ze iwwerhuelen. Zweetens géif sech de Grand-Duché fir eng dauerhaft Ënnerstëtzung fir d’Ukrain asetzen.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
International
Politik