Radioen

On air

Vue sur mer  |  Rachel Chinouriri - Can We Talk About Isaac?

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Duerch Konscht a Kultur eng "schéi Resistenz" bilden

Palästinensesche Flüchtlingscamp

Duerch Konscht a Kultur eng "schéi Resistenz" bilden

E Liewen an engem Flüchtlingscamp ass fir dausende Palästinenser zënter Joerzéngten d’Realitéit. Vill Kanner ginn an de Camps gebuer a ginn do grouss. Sou och den Abdelfattah Abusrour. Hien war viru 50 Joer am Flüchtlingscamp Aida zu Betlehem gebuer an ass do opgewuess. Elo leet hien ee Kulturzenter am Flüchtlingscamp. Dës Woch war hien op Invitatioun vun zwou Lëtzebuerger Partner ONGen, d’ASTM an dem CPJPO, zu Lëtzebuerg op Visitt.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Abdelfattah Abusrour | © Morgane Weidig play_arrow
Abdelfattah Abusrour (Foto: Morgane Weidig)

D’Vereent Natiounen hu gëschter op en Neits Alarm geschloen: Zënter datt et nees méi d’Kämpf tëschent der Hamas an der israeelescher Arméi gëtt, sinn eng 500.000 Palästinenser op der Flucht.

Den Abdelfattah Abusrour ass viru 50 Joer am Camp Aida zu Betlehem gebuer. Bis hie fir seng Studien a Frankräich gaangen ass, huet hien do gelieft. No sengen Etuden ass hien zeréck an de Flüchtlingscamp gaangen an huet do 1998 de Kulturzentrum Alrowwad gegrënnt.

"D'Leit an hirer Stäerkt weisen"

D’Philosophie vun Alrowwad ass et, duerch Konscht an Educatioun eng “schéi Resistenz” ze bilden, wéi den Abdelfattah Abusrour erkläert.

“Le but essentiellement était comment sauver des vies, comment inspirer l'espoir, comment donner à nos jeunes, à nos enfants des possibilités pour s'exprimer, dans les manières les plus beaux, les plus créatives.”

Mëttlerweil ass d’Offer immens breet. Nieft kulturellen Aktivitéite gëtt och Sport ugebueden, schoulesch Ënnerstëtzung an Ënnerstëtzung fir Familljen. Wou mat der Pandemie de Besoin fir humanitär Hëllef méi grouss ginn ass, koum och ënner anerem ee soziale Restaurant dobäi. Den Abdelfattah Abusrour ënnersträicht allerdéngs, datt d’Würd vun de Mënschen ëmmer soll erhale bleiwen.

„Cuisiner des repas, les envelopper, les envoyer dans les familles. Casser ces stéréotypes, des mendicités et des déshumanisation des cas humains ou des aides humanitaires. Mais pas montrer les gens dans leur faiblesse et dans leurs besoins, mais dans leur dignité, dans leur force.”

De Camp läit am Norde vu Betlehem. Net wäit ewech sinn zwou israeelesch Siidlungen, déi international net unerkannt sinn. Incursioune vun der israeelescher Arméi am Camp kommen zënter dem 7. Oktober 2023, dem Dag vun der Terrorattack vun der Hamas op Israel,  ëmmer méi heefeg vir.

Duerch Konscht a Kultur, schwiereg Emotioune kanaliséieren

An och de Chômage klëmmt. Ëmmerhi war den Tourismus virum Krich d’Haaptakommesquell zu Betlehem. Leit déi op Israeelescher Säit geschafft hunn dierfen net méi dohin. Déi Leit, déi fir d’palästinensesch Autoritéit geschafft hunn, kréie kee Salaire méi. Studenten a Studentinne kënne sech d’Studiegebüren net méi leeschten.

“Et donc il y a toutes ces frustrations et toutes ces images qu'on voit, aussi les destructions massives et le génocide à Gaza, mais aussi qui se pratique à petite dose et maintenant à grande dose dans les camps de réfugiés du nord.”

Mee et hätt een net de Luxus, d’Hoffnung ze verléieren, seet den Abdelfattah Abusrour. D’Konscht wier zwar keng Wonnerléisung, mee ee gudde Wee, fir mat der Situatioun ëmzegoen.

Unerkennung vun engem Staat net nëmmen als Symbol

Méi sinn, wéi just eng Ziffer sinn, wa vun Doudesaffer oder Prisonéier geschwat gëtt. Dat wier de But vun der Organisatioun an och de Message deen een un déi Jonk am Flüchtlingscamp wëllt weiderginn.

D’Annonce vum Emmanuel Macron den onofhängege Palästinensesche Staat wëllen unzeerkennen, kënnt fir den Direkter vun Alrowwad iwwerdeems och net ze fréi. Et géif awer och net just duergoen, ee Staat unzeerkennen.

“Il faudrait qu'il y ait une reconnaissance d’un État avec toutes les conséquences d'une reconnaissance. Et pas seulement pour échapper aux appels dans la rue des gens, qu’il faudrait reconnaître un État, mais sans aucune autorité, sans aucune souveraineté.”

Den Abdelfattah Abusrour hofft, datt déi héichrangeg Reunioun fir eng Zweestaateléisung am Juni, zu Resultater féiere wäert.

Lëtzebuerg sollt Initiativen ergräifen

Am Kader vum Abdefattah Abusrour senger Visitt zu Lëtzebuerg, war och eng Entrevue um Ausseministère virgesinn, zesumme mat der ASTM an dem CPJPO. Do war et ënner anerem weider d’Fuerderung, datt Lëtzebuerg net soll waarden, datt op EU-Niveau nei Mesuren ënnerholl ginn. Dat schreift de President vum Comité pour une paix Juste au Proche Orient op eis Nofro hi. De Grand-Duché kéint reell Initiativen ergräifen, och wa se begrenzt wieren.

Lauschterenplay_arrow