Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
search

/ Op d'mannst 23 Mënsche komme bei israeelescher Attack ëm d'Liewen

An der Gazasträif

Op d'mannst 23 Mënsche komme bei israeelescher Attack ëm d'Liewen

Weider 50 Palästinenser si bei der Attack vun Israel op d'Stad Gaza blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Zerstéiert Gebai an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Zerstéiert Gebai an der Gazasträif (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Vu palästinensescher Säit heescht et, et wieren Appartementshaiser getraff ginn, wou vill Leit gewunnt hätten. Warscheinlech géifen nach weider Affer ënnert de Steng leien. 

Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, datt en héichrangege Member vun der Hamas viséiert gewiescht wier.

De Moie goufen och schonn israeelesch Dronenattacken an där Géigend an och an anere Géigenden an der Gazasträif gemellt. Och do sollen et Doudeger gi sinn.