search

/ Op d'mannst 16 Blesséierter bei Amoklaf an der Tierkei

Tierkei

|
reading time

1 min

Op d'mannst 16 Blesséierter bei Amoklaf an der Tierkei

16 Persounen, dorënner haaptsächlech Schüler:innen, goufe vu Schëss an engem Lycée an der tierkescher Provënz Sanliurfa am Südoste vum Land blesséiert. Den Täter, een 18 Joer ale fréiere Schüler vum Lycée, huet sech no der Dot selwer erschoss.

reading time

1 min

Blo Luucht | © picture alliance / SVEN SIMON
Blo Luucht (Foto: picture alliance / SVEN SIMON)

12 Leit géifen nach medezinesch behandelt ginn, esou de Gouverneur vun der Regioun. Wéi schwéier d'Blessure vun den Affer sinn, ass bis ewell awer nach net gewosst.