Radioen

On air

9 bis 1  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Et gëtt esou vill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag. 

Dës Woch hu mer direkt zwou Lëtzebuerger Singelen an d‘Playlist gepak. Eng verdreemten elektronesch Pärel vun der neier C‘est Karma Plack „How To Peel An Orange“ an déi nei elastesch Nummer vun eisem Mound Mann, dem Jackie Moontan. Nei Bangers vun The Weeknd, Jamie XX an FKA Twigs zéien op hir eege Manéieren an de Club. Déi neiséilännesch Singer-Songwriterin Nadia Reid reest an hirer neier Single vun delikat op mächteg. Bon Iver mellt sech no senge sëllegen Experimentatioune ganz iwwerraschend mat enger simpeler akustescher Ballade zeréck a mir sinn immens frou, datt der brittescher Musekerin Nilüfer Yanya hir drëtt Plack endlech eraus ass!

Op d‘Oueren! 20.09.2024

C‘est Karma - anytime/anywhere

The Weeknd – Dancing In The Flames

Nilüfer Yanya – Made Out Of Memory

Jamie XX, Romy, Oliver Sim – Waited All Night

Blossoms – Perfect Me

Joan As A Policewoman – Full Time Heist

Bon Iver - Speyside

Doechii – Slide

Jackie Moontan – Freak Kingdom

Nadia Reid – Changed Unchained

FKA Twigs – Eusexua