Radioen

On air

Tockcity  |  Blue Lake - Weft

play_arrow Live
search

/ Op d'Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d'Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

D'Band Divorce (Foto: Divorce / Bandcamp)

Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd. An dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Divorce si vun Nottingham a staark um Kommen, an aus där Perspektiv erzielt „All My Freaks“ iwwert d‘Gefore vum Ego mat engem grousse Synth-Hook. Dem Miso Extra säi "Good Kisses" gouf vu Metronomy zu engem lëftegen a liicht bizarren Headturner opproduzéiert…Post-Punk an Vocals wéi bei Sparks mëschen sech um Kanadier Artd‘Ecco senger neier Single.

Déi nei vum Londoner Rapper Jelani Blackman huet ënnerkillten House-Allüren an zerhackte Vocals fir ee vun de coolsten Tracks vun der Woch. Um Enn nach een Indie Banger vun de Schotte Former Champs an eng Zesummenaarbecht vum Frontmann vun O Terno mat Badbadnotgood fir opzewiermen!

Op d‘Oueren! 14.11.2024

Divorce – All My Freaks

Miso Extra, Metronomy – Good Kisses

Art d’Ecco – The Traveller

Jelani Blackman – Let Me Talk To You

Former Champ – Hold On

Badbadnotgood, Tim Bernardes – Poeira Cosmica