Radioen

On air

Al Schanken  |  Jefferson Starship - Miracles

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Et gëtt esouvill nei Musek z'entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Do huet zum Beispill Flying Lotus eng Iwwerraschungs-Halloween EP "gedropped", Spirit Box, mat engem Titel gesonge vum indesche Museker Sid Sriram. Geeschterhaft gutt. D‘Biig Piig bréngt schonns hir zweet Single an e puer Wochen eraus, a „Favourite Girl“ ass voller Positivitéit. Grad eraus ass dem Tyler, The Creator seng nei schonn an allen Oueren, och op eisen. Dëse Song ass iwwer seng Relatioun mat sengem Papp a beréiert. La Sécurité hunn eis mat hirem "Detour" op en Ëmwee gefouert, besonnesch mat daer Batterie! „You And I Are Earth“ wäert der Anna B Savage hir nei Pack heeschen, an am Video zur Advance Single ass si dofir och am Bësch vergruewen. Fir een naturverbonnene Moment op den Hierschfeierdeeg perfekt.

Op d‘Oueren! 25.10.2024

  • Rejje Snow – Peace To The World
  • La Sécurité – Detour
  • Anna B Savage, Anna Mieke – Agnes
  • Tyler The Creator, Lola Young – Like Him (feat. Lola Young)
  • Biig Piig – Favourite Girl
  • Flying Lotus, Sid Sriram – The Lost Girls