Ech trëppele mam André vun der Marck, Direkter vu Luxtram, iwwer déi eppes méi wéi 100 Meter laang an 10 Meter breet nei Bréck, déi direkt hannert der Statioun "Luxexpo" um Kierchbierg extra a nëmme fir den Tram gebaut gouf. D’Bréck schléngt sech an enger eleganter Kéier 8 Meter héich iwwer d‘Autobunnen A1 an A7 a Richtung Gréngewald. Do fiert den Tram dann duerch de Bësch bis op déi nei Statioun Héienhaff um Sennengerbierg, a vun do weider op de Flughafen.
Ronn 99 Milliounen Euro war de Budget fir dës nei Streck vun der Luxexpo bis op de Findel. Si ass 3,9 Kilometer laang. An den Tram ass hei deelweis zimmlech séier ënnerwee.
"Ici sur cette section, le tramway roulera à 70 km/h. Cela sera l'endroit où le tram circulera le plus rapide sur l'ensemble du réseau."
D‘Vitesse, mee och de Fait, datt hei just zwou nei Statioune bäikommen, droen derzou bäi, datt ee mam Tram awer relativ séier bis op de Findel kënnt. Aus dem Stater Zentrum, vum Hamilius, wäert den Tram ronn 28 Minutte bis op de Flughafe brauchen, a vun der Stater Gare ronn 32 Minutten.
Déi éischt Passagéier am Fréijoer 2025
D‘Aarbechte gi gutt virun a bis d‘Enn vun dësem Joer soll den Tracé Luxexpo-Findel fäerdeg sinn. Duerno dauert et och net méi laang bis déi éischt Passagéier mam Tram op de Findel kënne fueren.
"Sur ce segment, les premiers essais commenceront tout au début de l'année 2025. Donc dans un an, on devrait voir les premiers tramways circuler pour les premiers essais. En sachant que la mise en service devait être faite début du printemps 2025."
Deen aneren neien Tronçon vu Bouneweg duerch den neie Quartier Cloche d‘Or bis bei de Stadion zu Gaasperech, soll schonn dëst Joer a Betrib goen. Déi éischt Essaien do si fir Abrëll oder Mee virgesinn.
"Et on espère pouvoir mettre en service ce tronçon entre le Lycée Bonnevoie et le stade durant cet été 2024."
Bei dëser Extensioun komme fënnef nei Tram-Statiounen derbäi, dorënner Houwald Gare, wat och een Echange erlaabt tëscht Tram an Zuch. Déi zwou Extensioune Luxexpo-Findel a Bouneweg-Stadion, géifen d‘Tramoffer däitlech verbesseren, betount de Luxtram Direkter André von der Marck.
"On voit bien que le tramway aujourd'hui fait partie des grands événements festifs de la ville, le jour de la fête nationale. Quand il y a la Schueberfouer, le tramway participe complètement en transportant des nombreux usagers vers ces manifestations. Et demain il en sera de même pout aller prendre l’avion ou pour aller assister à un match de football ou un concert dans le stade. Donc, il me semble que ce sont des extensions importantes, elles sont symboliquement importantes, car il est toujours important pour une capitale que l’aéroport soit relié au centre-ville par un moyen de transport public efficace et modern. Ce sera le cas maintenant dans quelques mois. Et c’est un joli pas pour notre réseau de transport public."
D’Popularitéit vum Tram an d’Passagéierzuele wuesse weider
D’lescht Joer sinn am Ganzen 28,7 Millioune Passagéier mam Tram gefuer. An duerch déi zwou nei Extensioune wäert déi Zuel nach däitlech klemmen.
"Alors actuellement nous sommes au-dessus de 100.000 voyageurs par jour – à peu près 110.000. Avec les nouvelles extensions nous serons à 120.000- 130.000. Et les réseaux vont continus à s'agrandir avec le nombre de passagers qui va de pair."
Nei Waggonen – oder “Ramen”, wéi dat am Jargon heescht - muss Luxtram awer net kafen.
"Actuellement on a 33 rames ici au Tramschapp, et pour ces deux extensions on a le compte. Donc on n’a pas besoin d’acheter des nouvelles rames."
Neit Personal wäert gebraucht ginn
Par konter musse méi Chauffeuren agestallt ginn. Den Ament schaffe bei Luxtram eng 180 Leit, dorënner eppes méi wéi 100 Chauffeuren.
"Pour la mise en service de ces deux tronçons nous sommes en train de former et d’engager de nouveaux conducteurs, puisque nous aurons besoin de conducteurs supplémentaires. Ce seront près de vingt conducteurs supplémentaires que nous allons embaucher."
Luxtram bitt den neie Chauffeuren eng In-house Formatioun un. Wéi eng Kompetenze brauch ee fir Tram-Chauffeur zu Lëtzebuerg ze ginn?
"Il faut simplement avoir le permis de conduire automobile, et avoir 21 ans. Il n’a pas besoin d’avoir un diplôme spécifique. (La formation) dure cinq semaines avec au bout des cinq semaines des épreuves théoriques et des épreuves pratiques."
Mir trëppelen zeréck iwwer déi nei Trams-Bréck. E puer Aarbechter schaffen un de Schinnen, déi scho gréisstendeels do leien. An eppes méi wéi engem Joer wäert den Tram hei wuel vill Leit mat Valissen op de Flughafe bréngen. Iwwer der Autobunn, do ass elo schonn, um hallwer 4 Mëttes, en zolitte Stau.