D'Police betount: Well Silvester ee vun de chargéierten Deeg vum Joer ass, géifen d'Appeller selektiv an de Prioritéiten no behandelt ginn.
D'Police erënnert och drun, datt een net mam Auto soll fueren, wann een ze vill Alkohol gedronk huet. An datt ee bei gréisseren Evenementer op Täschendéif oppasse soll.
Wat Freedefeier ugeet, gëtt et an iwwer 70 Gemenge fir haut e Freedefeierverbuet.