Radioen

On air

Notturno  |  Adeline Hotel - Seeing Yourself Seen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Patrull mat der lokaler Police

Reportage

Op Patrull mat der lokaler Police

Zanter Ufank Juli ass wärend engem Pilotprojet vu 6 Méint an der Stad an zu Esch eng lokal Police ënnerwee. Wéi kënnt den Dispositif bis elo bei de Leit un? Wéi klappt d'Zesummenaarbecht mat de Gemengeresponsabelen? D’Paule Rodesch war fir eis an der Uewerstad mat der lokaler Police op Patrull, fir sech mol unzekucken, wéi d'Aarbecht vun deene Beamten iwwerhaapt ausgesäit.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Paule Rodesch

D’Joan, den Yves an den Angelo begleeden ech um Terrain. Déi dräi Poliziste forméieren eng vun zwou Patrullen, déi op dësem Freideg Moien an der Uewerstad ënnerwee sinn. Do derbäi kommen zwou weiderer, déi op der Gare zirkuléieren. Si si schonn eng Stonn am Asaz, wéi ech um 7 Auer bei si stoussen.

Moies geet et haaptsächlech drëm, fir d’Garantie d'Accès ze suergen, also Agangsberäicher fräizeraumen, erkläert den Yves.

Gemengepolice | © Paule Rodesch
D'Gemengepolice bei hirem Asaz an der Stad. (Foto: Paule Rodesch)

Och d'Ambulanz ass am Asaz

Eng 6 Sans-abrien hate sech an engem Passage eng Schlofplaz gesicht. Si blockéieren d'Entrée vun enger Rei Geschäfter. Eng Vendeuse ass genervt: “Franchement y’en a marre...”

Antëschent hunn d'Sans-abrien ugefaangen, hir Saachen anzepaken. Si verzéie sech e puer Meter méi wäit op d'Trape vun der Cinemathéik.

Ee vun hinne war allerdéngs den Dag virdru gefall. Hie kann net trëppelen. D'Police rifft eng Ambulanz a waart, bis de Rettungsdéngscht agetraff ass. De Mann ka sech net ausweisen. Säi Pass wier geklaut ginn, gëtt hien un. D'Beamte kennen hir Leit awer.

D'Ambulanz fiert fort, den Hond vum Sans-abri ass versuergt. Kal léisst d'Beamten d’Situatioun offensichtlech net.

Kee groussen Ënnerscheed zur regulärer Police

Eng Strooss méi wäit gouf och nees e Passage als Schloflager genotzt. De Bewunner ass fort, de Knascht bleift leien. D'Poliziste ruffen de Service d’Hygiène vun der Gemeng fir botzen ze kommen. D’Missioune vun der lokaler Police si villfälteg, erkläert den Yves. Dozou gehéiert et och mol Schierbele vun enger Fläsch opzehiewen an an d'Poubelle ze geheien. Oder opzepassen, datt d'Automobilisten sech un d’Reegelen halen.

Gemengepolice | © Paule Rodesch
Op ville Plaze werfen d'Beamten e Bléck hin. (Foto: Paule Rodesch)

D'Aarbecht géif net onbedéngt vill änneren am Verglach zu der regulärer Police. Et géif ee sech just méi Zäit huele fir Preventioun. Och d'Drogeproblematik ass reegelméisseg en Theema. An der Uewerstad haaptsächlech op den Haaptachse vum Tram. Dofir gëtt och d'Trapenhaus vum Parking ënner dem Hamilius kontrolléiert.

Sinn d'Patrulle wierklech effektiv?

Weider geet et Richtung Fëschmaart, mat der Täscheluucht duerch den Ilôt gastronomique, wou rezent en eidelt Lokal hätt misste geraumt ginn.

A wéi wierksam ass déi lokal Police sengem Gefill no, wëll ech vum Yves wëssen?

“Déi meescht wësse jo, well dat hei all Dag gemaach gëtt, datt dat e gewëssen Automatismus schonn ass. De preventive Volet wierkt dann awer. Et ass ee present. D’Geschäftsleit schwätzen eis och un. Se waarden op eis. Wann ee Problem ass, gëtt direkt den 113 ugeruff, a mir sinn direkt sur place dann.”

Gemengepolice | © Jo Diseviscourt
D'Patrull vun der Gemengepolice. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et ass antëschent hallwer 9. Den Angelo, d'Joan an den Yves sinn nach bis 2 Auer weider op Patrull. Fir mech ass et Zäit fir an d'Redaktioun ze goen. Um Wee fir dohi fueren ech mam Vëlo laanscht d’Theaterplaz. An do sëtzen op den Trape virun der Cinemathéik déi 5 Sans-abrien, déi eng Stonn virdrun, e puer Meter méi wäit, wakereg gerëselt goufen. Déi meescht schéngen nees ze schlofen. An ech froe mech, op déi lokal Police, wa se och vun alle Säite positiv opgeholl ze gi schéngt, wierklech e bleiwenden Effekt hannerléisst.

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft