Radioen

On air

Notturno  |  The High Llamas - Fly Baby, Fly

play_arrow Live
search

/ Onzefridde Frontalieren: Ronn 400 Leit protestéiere virum Finanzministère

Protestpiquet

Onzefridde Frontalieren: Ronn 400 Leit protestéiere virum Finanzministère

Virum Finanzministère hunn d’Frontaliere mat de Gewerkschaften LCGB an OGBL um Freidegmoie géint déi steierlech Benodeelegung protestéiert, mat där si an hirem Residenzland konfrontéiert ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Carole Schimmer

Däitschland besteiert d’Iwwerstonnen, déi zu Lëtzebuerg geleescht ginn, an d’Belsch wëllt elo déi Stonnen, wou een an Déngschtbereetschaft ass, zu den Teletravail-Deeg derbäi zielen.

D’Grenzgänger a Frankräich ginn elo méi besteiert ewéi virdrun, wa se a béid Länner schaffen. Elo riskéiere si bei de Chômageindemnitéiten benodeelegt ze ginn. Géint all dës Benodeelegunge gouf um Freidegmoie manifestéiert. 

D’Gewerkschafte fuerdere vun der Lëtzebuerger Regierung an all deenen Dossieren ze handelen, sot de Moien de Christophe Knebeler vum LCGB.

De Christophe Knebelerplay_arrow

Versteesdemech vum Gilles Roth

Weider gëtt gefuerdert, datt d’Nopeschlänner Frankräich an Däitschland mat de Grenzkontrollen ophalen. 

De Gewerkschaften LCGB an OGBL no, déi gemeinsam dee Protestpiquet organiséiert hunn, wiere 400 Persounen zesummekomm.

De Finanzminister Gilles Roth huet um Bord vun där Manifestatioun betount, datt hie Versteesdemech fir déi Revendicatiounen huet. Dat wieren all Dossieren, déi mat de Nopeschlänner missten duerchdiskutéiert ginn. Wéinst dem Regierungswiessel an Däitschland wier et haut awer schwiereg fir ze intervenéieren.