arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Iran mécht d’Ouverture vun der Strooss vun Hormus réckgängeg

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Den Iran mécht d’Ouverture vun der Strooss vun Hormus réckgängeg

Teheran huet um Samschdeg matgedeelt, datt d’Strooss vun Hormus op een Neits zougemaach gouf. Als Grond dofir huet déi iranesch Arméi de Blockage vun iraneschen Häfen duerch d’USA genannt.

reading time

1 min

Protester zu Teheran géint d’USA a géint Israel | © EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
Protester zu Teheran géint d’USA a géint Israel (Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Eng Partie Schëffer, déi sech op de Wee duerch d’Strooss vun Hormus gemaach haten, ware scho virdrun nees ëmgedréint.

Den Iran hat schonn am Virfeld mat enger neier Blockade gedreet, wann d‘USA déi iranesch Häfen net nees fräiginn. Den Iran huet dat als „Piraterie“ beschriwwen.

Nei Gespréicher dëse Weekend?

Teheran hat gëschter annoncéiert, datt d‘Mieresstrooss vun Hormus wärend der Wafferou mam Libanon nees soll opgoen, fir all  Handelsschëffer.

Den US-President Donald Trump hat dës Annonce zwar begréisst mee hien hat och direkt ugekënnegt, all iranesch Häfe weider wëllen ze blockéieren, bis et ee finalen Accord mam Iran gëtt.

Vu Washington heescht et, datt amerikanesch an iranesch Vertrieder „warscheinlech“ dëse Weekend fir eng weider Gespréichsronn zesummekéimen.

Den Donald Trump huet sech zouversichtlech gewisen a behaapt, datt een Accord mam Iran an den „nächsten ee bis zwee Deeg méiglech wier“.

Iraneschen Aussoen no, kéint e Méinden a Pakistan nei verhandelt ginn.