Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
search

/ Prozess ëm onfräiwëllegen Doutschlag: Virun 1,5 Joer iwwerrant an déidlech blesséiert

Justiz

Prozess ëm onfräiwëllegen Doutschlag: Virun 1,5 Joer iwwerrant an déidlech blesséiert

Um Dikrecher Geriicht geet et haut um Donneschdeg ëm eng Affär vun onfräiwëllegem Doutschlag. De Fall hat am Weste vum Land fir grouss Bestierzung a vill Gespréichsstoff gesuergt: An der Nuecht op den 1. Mee zejoert war tëschent Ell an Uewerkolpech e Mann vu 27 Joer nuets op engem Feldwee iwwerrannt an déidlech blesséiert ginn.

auto_stories

2 min

Palais de Justice Dikrech | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Haut, ronn annerhalleft Joer no de Faiten, ass um Dikrecher Geriicht de Prozess géint deen elo 25 Joer ale Mann, deen deemools gefuer war.

Dat spéidert Affer wollt, wuel well et ze vill gedronk hat, no engem Fest zu Ell net méi mam Auto fueren an zu Fouss heemgoen, op Uewerkolpech. Op Grond vu sengem Zoustand war de jonke Mann, dee bekannt a beléift war an der Géigend, awer wuel um Knuppebierg an der rue de Colpach-Haut ageschlof an do eben um hallwer 4 nuets iwwerrannt ginn.

Spéidert Affer wuel net an uecht geholl

Den Ugekloten, deen och ze vill gedronk hat, awer manner wéi d’Affer, hat dee jonke Familljepapp net an Uecht geholl an de Foussgänger déidlech verwonnt. De Mann war schonn dout, wéi d'Rettungsekippen op der Plaz vum trageschen Accident ukoumen.

Um Feldwee gëllt en allgemengt Fuerverbuet, a béid Richtungen, ausser fir déi Leit, déi do wunnen. Un dat Verbuet wier sech awer och daagsiwwer net ëmmer gehale ginn. D'Police hat sengerzäit en Zeienopruff lancéiert, och well eng Zäit laang ze vill Punkten onkloer waren.

Just ee Sëtzungsdag virgesinn

Fakt war awer, datt d'Affer säin Auto stoe gelooss hat, wuel well et sech net méi am Stand gefillt hat, fir ze fueren. Um Feldwee war dunn awer nuets de Beschëllegten ënnerwee, do wou deen u sech net hätt däerfen.

Fir dëse Prozess ass just ee Sëtzungsdag vun haut virgesinn. Ënner anerem wäert dobäi en Expert fir Autosaccidenter aussoen.

  Lauschterenplay_arrow