Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Nobody Other

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ One Last Time: Vun Näischt kënnt Näischt

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten?

One Last Time: Vun Näischt kënnt Näischt

Weider geet et mat eiser Serie an där mir iech déi 7 Finaliste vun dem Luxembourg Song Contest virstellen. Haut ass et dann un engem Kandidat, dee schonn aus der leschter Editioun bekannt ass: d’Band "One last Time" hat et schonn d’lescht Joer bis an d’Finall gepackt. An de leschte Méint hätten den Andrea, de Jonah, de Lalo, den Tom an d’Barbara vill u sech geschafft.

auto_stories

2 min

Elo si si ëmsou méi zouversiichtlech, zeréck op der grousse Bün ze sinn. Si fille sech prett, dës Aventure nach eemol ze erliewen. Dat alles mam groussen Zil am Mee Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest zu Basel ze vertrieden. Dee géif fir si ee grousst Sprangbriet fir hir Karriär bedeiten. An awer sinn si sech bewosst, datt si, sollten si et bis op den ESC packen, och duerno nach weider schaffe mussen, erkläert den Andrea Galetti.

"Dat ass dee Feeler, deen s de net dierfs maachen. Vill Leit an der ESC Welt si frësch an der grousser Musekszeen, an da verléieren dee Bezuch dozou. A si mengen, jidderee wëll mech. Dat ass awer net wouer. Du muss haart dofir schaffen."

D‘100,7-Freundebuch

Den LSC bedeit fir mech.…

Andrea: E risegrousst Sprangbriet, fir mäi Liewenszil z‘erreechen.

Jonathan: Jo, dat ass de Sprangbriet zum Dram. An den Dram ass Musek maachen ze kënnen.

Mat Lëtzebuerg verbannen ech...

Andrea: Kniddelen!

Jonathan: Doheem.

Andrea: Jo, eigentlech, du hues dat lo vill méi schéi gesot wéi ech. Nee, jo, mat Lëtzebuerg verbannen ech virun allem mäin Doheem an eng Plaz, déi einfach mol schéi wär, dass vill Leit ze kenneléieren.

Eise Song fir den ESC zeechent sech aus duerch...

Andrea: One Last Time Sinn an awer déi verréckte Versioun dovunner.

Jonathan Jo, One Last Time Show.

Andrea: A Spaass hunn a Risiko agoen.

Mäin Liblings-Eurovisiounslidd ass...

Andrea: Wann s de mech elo direkt frees, ass et fir mech entweder nach Maneskin mat Zitti E Buoni oder Arcade, fannen ech och mega schéin.

Jonathan: Jo, also fir mech ass et de portugiseschen Artist Salvador Sobral, An Cornelia Jakobs huet och e puer Lidder