Si géif probéiere fir negativ Gedanken ewech ze lossen, seet d'Patrizia van der Weken "ech mengen dat bréngt kengem eppes". Falls eppes sollt geschéien, ass si mat hirem medezineschen Team gutt encadréiert a brauch sech keng Suergen ze maachen.
Beim Nicolas Wagner-Ehlinger ass et nach vläicht en Tick méi wackleg, well et am Dressurreiden, net de Reider ass, dee sech qualifizéiert, och net d'Päerd, mee d'Land kritt eng Plaz an dann ass et um Land fir ze kucken, wie geschéckt gëtt. "...mee well ech mech qualifizéiert hunn, hu se gesot, datt et fair wier, datt ech ginn", sou den Dressurreider.
Elo wier et seng Aufgab, fir d'Päerd am Virfeld vun de Spiller esou ze managen, datt et gesond bleift. Wann dem Päerd eppes géif geschéien, ass d'Kompetioun fir hie gelaf. Mat engem anere Päerd unzetrieden ass nämlech keng Optioun.
Patrizia van der Weken: Zil ass d'Halleffinall
D’Virleef iwwer 100 Meter sinn den 2. August, d’Halleffinall an d’Finall den Dag drop. An natierlech wier d'Sprinterin och gär nach den 3. August mat derbäi.
"Jo, ech probéiere mech fir opmannst fir an d'Halleffinall ze qualifizéieren. Ech mengen, dat ass schonn net einfach, mee duerchaus dran."
D'Performance vun all Leefer géif awer och vill vun de Wiederconditiounen um Dag selwer ofhänken, seet d'Patrizia van der Weken. Si huet am léifste waarm Temperaturen a Réckewand. Déi waarm Temperaturen ass si och gewinnt, well si dacks ënner waarme Conditiounen trainéiert.
"Dat ass däitlech besser, wéi wann et kal ass, alleng de Verletzungsrisiko ass da méi déif. Also ech hoffen op gutt Wieder a Réckewand."
Den Nicolas Wagner-Ehlinger wëllt et an d'Kür packen
Den Nicolas Wagner-Ehlinger ass schonn den 30. oder 31. Juli um Tour. Do ass dann déi sougenannt Grand-Prix Prüfung, déi am Fong determinéiert, wéi eng 18 vu 60 Reider an d'Kür, also quasi an d'Finall kommen.
Den Dressurreider hat et schonn zwee mol bal an d'Kür gepackt. Dës Kéier soll et da klappen, wënscht sech den Nicolas Wagner-Ehlinger.