Radioen

On air

Notturno  |  Al Green - I Wish You Were Here

play_arrow Live
search

/ Olaf Scholz mécht offiziell Demande fir d'Vertrauensfro

Däitschland

Olaf Scholz mécht offiziell Demande fir d'Vertrauensfro

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet haut offiziell d‘Demande fir d‘Vertrauensfro am Bundestag agereecht. Deemno soll de 16. Dezember, also den nächste Méindeg d‘Vertrauensfro un déi däitsch Deputéiert gestallt ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Carsten Koall
Foto: picture alliance/dpa | Carsten Koall

Zanter der Entloossung vum FDP-Finanzminister Christian Lindner an dem Broch vun der Ampelkoalitioun, gëllt et als quasi sécher, datt de Bundestag säi Vertrauen net ausschwätze wäert. An deem Fall wäert de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier proposéieren, de Bundestag opzeléisen an den 23. Februar Neiwalen duerchzeféieren.