arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oh Yeah? - Steve Lacy

Album vun der Woch

|
reading time

2 min

Oh Yeah? - Steve Lacy

No 4 Joer mellt de Steve Lacy sech zeréck, mat enger Plack, déi bësse manner maximalistesch, dofir méi alternativ ass, mat villen Gittaresounds. Bëssen, wéi wann de Museker einfach wollt bësse Gittar a senger Garage spillen an ophuelen.

reading time

2 min

Steve Lacy | © Kevin Amato
Steve Lacy (Foto: Kevin Amato)

Dem Steve Lacy säin drëtte Studioalbum war mat groussen Erwaardunge verbonnen, zemools nom Succès 2022 vum zweeten Album "Gemini Rights" 

Emotional a kannereg Texter

Dat, wat sech beim Steve Lacy net ännert, ass d’Aart a Weis, wéi hie seng Texter schreift. Och op dësem Album bleiwe mir lyresch existenzialistesch. Et geet ëm Léift, déi leider just vun enger Persoun ausgeet, dem Steve Lacy seng Queerness, de Sënn vum Liewen oder och nach Vulnerabilitéite weisen an och ausdrécken. Dat gekoppelt mat Texter, déi heiansdo esou einfach formuléiert sinn, datt et bal kannereg klengt. Mee genee déi einfach Aart a Weis sech auszedrécken, mécht et esou heiansdo méi emotional: et kéint dach eigentlech esou einfach sinn, sief du dach och einfach frou mat mir.

Psychedelesch Gittaren a grouss Featuren

Insgesamt ass den Album “oh yeah” haaptsächlech popesch mat psychedelesche Gittare-Riffs, och wa sech mol hei an do eng méi elektronesch Produktioun mat drënner mëscht. E groussen Highlight vun dësem Album sinn och d’Featuren, well net nëmmen d’SZA an d’Cecile Believe mat um Album sinn: keen anere wéi d’Erykah Badu ass um Song “pure color” mat drop, de psychedeleschste Song um ganzen Album.

Oh yeah?

Den Titel vum Album ass als Fro formuléiert a genee dat spigelt déi allgemeng Theeme vun der Plack. De Steve Lacy gëtt eis op dësem Album keng genee Äntwert op eise Stress an d’Kontradiktioune vun der mënschlecher Erfarung. D’Äntwert ass jo och net ëmmer déi selwecht; heiansdo ass et d’Léift, heiansdo ass et awer och einfach d’Trauer spieren, oder mat enger anerer Persoun connectéieren. Net all Fro brauch eng kloer Äntwert.