Och déi éischt zwee Alben “SOUR” a “GUTS” waren erfollegräich, an den drëtten Album mat méi laangem Titel, huet der Musekerin hir Plaz an der Zeen nach méi gefestegt.
Eng Libesgeschicht
Den Album “you seem pretty sad for a girl so in love” erzielt d’Geschicht vun enger Bezéiung. Et fänkt, wei esou dacks, ganz léif un.
Egal wei al een ass, wann ee frësch verléift ass, bleift et spannend an opreegend. No an no kommen awer Zweiwel op: et verléiert ee sech an der Bezéiung, et verschwëmmt ee mat der anerer Persoun an et vergësst ee sech selwer, an d’Frëndinne si vläit awer net esou grouss Fans vun der Bezéiung.
An der Mëtt vum Album, mam Song "purple", fänkt et dann och richteg un ze kippen. D’Olivia Rodrigo beschreift, wei si sech selwer an der Bezéiung verluer huet, an am Fong net glécklech ass.
De Rescht vum Album ass dann d’Verschaffe vum Enn vun der Bezéiung. Egal wéi onglécklech een an der Bezéiung selwer war, et ass een ëmmer traureg, datt et awer net funktionéiert huet, a vläit och mol rosen.
Robert Smith an The Cure
Bei der musikalescher Produktioun huet sech d’Musekerin, niewent den Texter, och weider entwéckelt. D’Musekerin seet selwer, si hätt vill The Cure gelauschtert, wärend dësen Album zustane komm ass.
An déi Influenzen héiert een och beim Lauschteren, an awer kënnt et iwwerraschend, datt de Frontmann Robert Smith als (eenzegen) Feature um Album drop ass.
Niewent The Cure kann een och aner Influenzen héieren: Bei "maggots for brains" klengt en Ufank zum Beispill wei e Joy Divison Lidd.
Girly Pop
Och wann et sech ëmmer nach ëm Girly pop handelt, an och mol bësse kitscheg klengt, beweist d’Olivia Rodrigo mat dësem Album, datt si eng wierklech gutt Songwriterin ass.
Wéi Pitchfork fannen ech och, datt d’Musekerin an tëschent net nëmmen “gutt Musek fir hiren Alter” mécht, mee einfach gutt Musek erausbréngt. A souwisou sollt ee menger Asiicht no ëmmer bësse Girly pop lauschteren.