Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Oasis mécht e Comeback

No 15 Joer

Oasis mécht e Comeback

De Moien huet d‘Annonce vum Comeback vun der fréierer Band Oasis fir grouss Opreegung gesuergt. No jorelaangem Sträit wëllen déi zwee Bridder Noel a Liam Gallagher rëm gemeinsam optrieden. Dat hunn si an de soziale Medien confirméiert.

auto_stories

1 min

Liam an Noel Gallagher | © picture alliance / Photoshot | -
Viru 15 Joer hat den Noel Gallagher d'Band wéinst engem Sträit mat sengem Brudder verlooss (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Geplangt si Concerten, d‘nächst Joer, zu Cardiff, Manchester, London, Edinburgh an Dublin. Déi brittesch Band hat sech viru 15 Joer getrennt, den Noel Gallagher hat d‘Grupp am Sträit mat sengem Brudder verlooss.

Mat Lidder wéi „Wonderwall“, „Don't Look Back in Anger“ a „Supersonic“ huet Band vu Manchester d‘1990er Jore gepräägt. Oasis ass eng vun den erfollegräichste Bands an der brittescher Museksgeschicht.