Änlech wéi am leschte Rapport vum Joer 2022 huet d’OECD op en Neits festgestallt, datt de Lëtzebuerger Pensiounssystem net nohalteg wier. Ee Grond dofir wier, datt een zu Lëtzebuerg vill méi fréi an d'Pensioun géif goe wéi an all den aneren OECD-Länner, seet de Generalsekretär Mathias Cormann. An der Moyenne géifen d'Männer am Alter vu 60,5 an d'Pensioun goen. Bei Frae géif den Alter bei ronn 58 Joer leien.
Fir d'Organisatioun ass eppes kloer: Et brauch een eng ëmfaassend Reform.
De Mathias Cormann huet och eng Partie Virschléi fir esou eng Reform genannt.
"Mir recommandéieren d’Studiejoren net méi unzerechnen. Parallel dozou dee legale Pensiounsalter eropzesetzen. Dat entspriechend der Liewenserwaardung, déi an d’Luucht geet."
Fir op Nohaltegkeet ze setzen, recommandéiert d'OCDE weider eng Hausse vun de Bensinnspräisser. Datt domat Bensinnspräisser méi no un déi vun den Nopeschlänner kënnt.
Lëtzebuerger Proprietäre sinn héich verschëlt
Beim Logement hätt een zwar an de leschten zwee Joer eng Baisse vun 20 Prozent bei den Immobilie gehat, mee d'Populatioun kéint sech trotzdeem net vill leeschten, esou nach de Mathias Cormann.
"An der Moyenne gi Proprietäre 34 Prozent vun hirem Akommes fir d’Bezuele vun Hypothéiken aus. Dat ass déi héchsten Zuel ënner den OECD-Länner. Ännerungen un der Steier- a Planungspolitik kéinten dozou bäidroen de Wunnraum méi abordabel ze gestalten an d’Effizienz ze verbesseren."
Iwwerdeems begréisst den OECD-Generalsekretär de Plang vun der CSV-DP-Regierung mat der zukünfteger Steierreform eng Zousazsteier fir de Leerstand anzeféieren.
D'OECD publizéiert all zwee Joer ee Wirtschaftsrapport fir all Memberland.