Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Drife - That Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nouvelle-Calédonie: Massiv Onroue wéinst ëmstriddener Verfassungsreform

Ausgangsspär gouf verhaangen

Nouvelle-Calédonie: Massiv Onroue wéinst ëmstriddener Verfassungsreform

Um franséichen Territoire vun der Nouvelle-Calédonie ginn et Onroue wéinst enger ëmstriddener Verfassungsrevisioun, déi zënter gëschter an der Assemblée zu Paräis debattéiert gëtt.

auto_stories

1 min

Nouvelle-Calédonie Onrouen | © La Plume libre / X
Foto: La Plume libre / X

An der Haaptstad Nouméa gouf eng Ausgangsspär fir déi nächst Nuecht dekretéiert. Eng Fabrick gouf do a Brand gestach. Schoule bleiwen haut zou. Um internationale Flughafe gouf de Betrib suspendéiert.

D’Regierung am franséischen Territoire huet d‘Populatioun opgeruff, roueg ze bleiwen.

Hannergrond si Spannungen tëscht Loyalisten a Supportere vun der Onofhängegkeet. Si si géint déi geplangte Reform, mat där d‘Wielerschaft soll erweidert ginn.