D‘Hëllef läit bei 35 Euro pro Hektar an ass op maximal 10.000 Euro limitéiert. De Käschtepunkt läit bei 4,2 Milliounen Euro, dovu kommen 1,4 Millioune vun der EU. Den Delai fir déi Hëllef unzefroen ass den 30. November.
Wéi d‘Landwirtschaftsministerin an der Chamber sot, hu scho ronn 1.270 vun den eligibelen 1.748 Betriber déi Hëllef ugefrot.
D'Bauerenzentral hat op enger Pressekonferenz gëschter kritiséiert, datt déi versprachen Direkthëllef, fir Präisdeierecht vum Dünger auszegläichen, nach net ausbezuelt gi wier.