arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugespaante Stëmmung bei der Infoversammlung iwwer d'Feierbakterie a vill oppe Froen

Landwirtschaft

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Ugespaante Stëmmung bei der Infoversammlung iwwer d'Feierbakterie a vill oppe Froen

Zënter enger decker Woch ass d'Feierbakterie zu Lëtzebuerg e Begrëff. Nodeems virun zwou Wochen dräi Wéngerten zu Waasserbëlleg a Méischdref positiv op d’Bakterie getest goufen, huet de Landwirtschaftsministère eng Informatiounsversammlung fir d'Awunner:innen organiséiert.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Max Voncken
(Foto: Max Voncken)

Eng 100 Leit sinn zu Gréiwemaacher zesummekomm an dat net nëmmen aus Lëtzebuerg. Niewent besuergte Bierger:innen aus de Gemenge Waasserbëlleg, Mäertert, Gréiwemaacher a Rouspert-Mompech, sinn der och aus Däitschland komm.

D’Pufferzonen, déi de Ministère etabléiert huet, bezeie sech nämlech och bis op déi aner Säit vun der Musel.

Vill oppe Froen no der Versammlung

D’Stëmmung war allgemeng ugespaant. An och nodeems d’Experte vum Ministère vill erkläert haten, waren nach vill Froe vun den Awunner:inne vun der betraffener Muselgéigend oppen.

"Ech wollt froen, nodeems et verbrannt ginn ass, wéi séier een duerno erëm eppes dohinner planzen duerf?"

"Wat ass, wann ech esou e Blat vun esou enger Planzen ënner menger Schongsuel pechen hunn an ech schleefen dat iergendwou ginn?"

"Wéi ass et mat den Déieren? Wéi wäit kënne si dat iwwerdroen?"

A Punkto Gefor fir Mënschen a Deiere gouf et Entwarnung: Just d’Planze riskéieren un de Bakterie futti ze goen. Datt Mënschen oder Déieren d’Bakterie verbreeden, kann awer net ausgeschloss oder komplett verhënnert ginn, esou den Expert.

Tester a private Gäert vun e Mëttwoch un

Fir d’Awunner:inne vun dëse Pufferzonen, 2,5 Kilometer ronderëm déi infizéiert Planzen, bedeit dat elo, datt si vun elo u kee biologeschen Offall méi aus der Gemeng eraus transportéiere kënnen an datt och déi brong Poubellen net méi eidel gemaach ginn.

Als Alternativ bidden d’Gemengen zentral Sammelplaze fir biologeschen Offall un. Ausserdeem ass et wichteg, d’Gaardegeschier reegelméisseg ze desinfizéieren a Planzen, déi befall sinn, beim Ministère ze mellen.

Fir dës Planzen ze fanne gi vun e Mëttwoch un Tester a private Gäert gemaach, esou d’Nadine Kieffer vum zoustännege Ministère.

"Mir beprouwe jo dobaussen, elo hu mir alleguerten déi Saachen, déi well dobausse sinn, oder d'Wéngerten oder anerer Kulturplanze gemaach. Elo komme mir bei d'Privatgäert. Dat heescht, zum Beispill e Mëttwoch si mir ënnerwee an dann hu mir eis Punkte festgesat." 

Dat géif no engem Zoufallsprinzip gemaach ginn. 

"Da kann et sinn, datt mir um Mëttwoch schelle kommen an da froen, ob mir an Äre Gaart dierften. A mir wieren och frou, wann Dir eis kéint eraloossen, well soss hu mir kee Gesamtbild vum ganzen Ausbroch, deen do ass."

Zukunftsängscht am Wäibau

Och Wënzer waren e Méindeg ënner de Visiteure vun der Versammlung. Ee vun hinne war den Ali Leonardi vu Mäertert. Hien ass selwer betraff a veronséchert. 

"Mir hu ganz vill Informatioune kritt, mee trotzdeem, wéi et an der Zukunft virugeet, dofir kënne mir net schlofen. Et weess een net, wéi déi nächst Analysen ausfalen an ob mir elo nach weider Pufferzone kréien, ob déi Pufferzone méi grouss ginn a wéi dat ausgesäit."

Do géif ee sech vill Gedanke maachen. 

"Déi Leit, déi nach am Wäibau mat zwéi Féiss do drastinn, déi maache sech Gedanken driwwer, ob de Fortbestand vun dem Wéngert zu Lëtzebuerg nach ginn ass.” 

Bis erëm eppes an déi betraffe Wéngerte ka geplanzt ginn, dauert et dann och op d'mannst nach ee Joer, esou den Expert. Komplett gekläert sinn all dës Froen nach net.

Aktuell niddereg Temperature vu Virdeel

Den Direkter vum Wäibauinstitut Serge Fischer fënnt, datt net nëmmen de finanziellen Aspekt eng Roll spillt. 

"Et si Wéngerten, déi schonn zum Deel ganz al sinn, déi d'Leit ugesat hunn, vläicht mat hiren Elteren nach. Et ass de Familljewéngert an dat ass natierlech och um moraleschen Aspekt net ganz einfach."

Op d'mannst ee positiven Aspekt gëtt et am Ament awer, nämlech déi niddereg Temperaturen. Wann et nämlech ënner 16 Grad ass, da beweege sech d’Zikaden, déi d’Feierbakterie verbreeden, net méi. Dowéinst kann elo fir d’éischt mol opgeotemt ginn.

Op d'mannst bis d'Fréijoer, wann d’Temperaturen erëm klammen.

Am Fréijoer muss een neie Bilan gezu ginn

D’Buergermeeschtesch vun der betraffener Gemeng Gréiwemaacher, d'Monique Hermes, weist sech optimistesch.

"Meng Hoffnungen a meng Erwaardunge sinn, datt net dat kënnt, wat komme kéint. Ech si ganz éierlech: D'Fréijoer muss ee kucken, wéi déi Zikade do sech entwéckelt a wéi iwwerhaapt déi ganz Situatioun sech entwéckelt."

Wat um Enn vun der Informatiounsveranstaltung awer och kloer ass: Et gëtt nach vill Ongekläertes.

Ob all d'Planzen, déi mat den Eeër vun den Zikade befall sinn, kënne fonnt ginn an d’Verbreedung esou gestoppt ka ginn, ass den Ament nach net kloer. D'Situatioun muss also am Fréijoer nei bewäert ginn.

play_arrow Lauschteren