Eng Rakéit hätt de Satellit mat Succès an Orbit bruecht,dat huet och déi südkoreanesch Noriichtenagence konfirméiert. Nordkorea wéilt elo banne kuerzer Zäit zwee weider Iwwerwaachungssatellitte lancéieren.
De Lancement vum Satellit, dee vun den USA an der UNO verurteelt gouf, kënnt nodeems de nordkoreanesche Leader Kim Yong Un am September de russesche President Wladimir Putin begéint hat. Moskau hat deemools Nordkorea Hëllef bei sengem Weltall Programm ugebueden.