Siwe Leit wiere blesséiert ginn. Wéinst dem ville Ree gëllt eng Vigilance rouge wéinst Iwwerschwemmungen. D‘Schoule sinn haut a muer zou an d‘Leit sinn opgeruff, net mam Auto erauszefueren a sech wa méiglech um éischte Stack vun hiren Haiser opzehalen.
Nom Passage vum Stuerm Ciaran d‘lescht Woch hunn an der Bretagne an an der Normandie nach ëmmer 62.000 Stéit kee Stroum. 3.400 Techniker wiere mobiliséiert fir déi elektresch Leitunge rëm ze flécken. Dofir wieren och 30 Helikopteren am Asaz. Am Ganze waren iwwert 1,1 Millioun Menagë betraff.
#VigilanceRouge crues de l'#Aa et de la #Liane (62). #VigilanceOrange crues de 8 cours d'eau : #Hem et #Canche (62), #Charente amont, #Boutonne amont et aval, #SèvreNiortaise amont, #Isle et #Dronne aval. Restez informés sur https://t.co/wS98gcDiHD et sur https://t.co/QTru2rYf7D pic.twitter.com/2Fl1hFkuar
— Vigicrues (@Vigicrues) November 7, 2023