Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Nom Enn vun der Ampel: Déi däitsch Gréng stelle sech nei op

Parteidag vu B'90/Die Grünen

Nom Enn vun der Ampel: Déi däitsch Gréng stelle sech nei op

Déi däitsch Gréng hu sech annerhallef Woch nom Enn vun der Ampel-Regierung fir de kommende Walkampf opgestallt. Op hirem Parteidag zu Wiesbaden gouf de Wirtschaftsminister Robert Habeck als Kanzlerkandidat confirméiert. Dat trotz senger eegener Roll bei der Onzefriddenheet mat der Regierung. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Fir 96 Prozent vun de Gréngen-Delegéierten ass de Robert Habeck de richtege Mann, fir dem B90/Die Grünen e gutt Resultat bei de virgezunnen Neiwalen am Februar ze liwweren. Virun dräi Joer hat de Vize-Kanzler a Wirtschaftsminister nach den Duell ëm d'Kanzlerkandidatur géint d'Annalena Baerbock verluer.

Datt et u senger Persoun och duerchaus Kritik an der eegener Partei gëtt, huet de Robert Habeck um Parteidag ugeholl. Säin Heizungsgesetz huet senger eegener Beléiftheet seriö geschuet. Als Wirtschaftsminister dréit hie säin Undeel un der schlechter wirtschaftlecher Situatioun am Land.

Partei hält sech all Koalitiounsoptioun op

Op wéi eng Inhalter si hire Walkampf wäerten ausriichten hunn déi däitsch Gréng nach net annoncéiert. Iwwer de Walprogramm soll Enn Januar eréischt final ofgestëmmt ginn. Duerch eng relativ vag Ausriichtung wëlle sech déi Gréng all méiglech Koalitiounsoptiounen ophalen. 

D'90/Die Grünen huet sech um Parteidag dann och eng nei Parteispëtzt gewielt. Den Deputéierte Felix Banaszak ass e Vertrieder vum lénke Flillek vun der Partei, deen dem Robert Habeck éischter kritesch géintiwwer steet. Seng Co-Cheffin Franziska Brantner par conter ass Staatssekretärin am Wirtschaftsministère a gëllt als eng vun den enkste Vertraute vum Kanzlerkandidat.

Lauschterenplay_arrow