Déi israeelesch Bombardementer an d‘Buedemoffensiv an der Gazasträif ginn intensiv weider. Dem palestinensesche Gesondheets-Ministère no, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, wieren an de leschte 24 Stonnen iwwer 240 Leit an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.
De Chef vun der israeelescher Arméi Herzi Halev sot gëschter, de Krich géint d‘Hamas géif nach méintelaang daueren.
Den US-President Joe Biden huet sengersäits nach emol mam Scheich vu Katar iwwer eng méiglech nei Waffepaus beroden.
Rout Mier: USA interceptéieren Rakéiten an Dronen
Am Roude Mier huet déi amerikanesch Arméi eegenen Aussoen no méi wéi eng Dosen Dronen a Rakéiten interceptéiert, déi vun den Huthi Rebellen am Jemen fortgeschoss gi wieren. D‘Huthi Rebelle gi vum Iran ënnerstëtzt. Si hunn an de leschten zwou Wochen am Roude Mier e puer Mol Transport-Schëffer ugegraff, déi ënnerwee an Israel waren. D‘USA hunn dorop hunn eng international Allianz lancéiert déi Krichsschëffer an d‘Rout Mier geschéckt huet fir d‘Transport-Routen do ze iwwerwaachen.