Och d'Oppositioun ronderëm dem Netanjahu säi Konkurrent Gadi Eisenkot krut net déi néideg Stëmmen zesummen - si kommen op 48 Mandater.
Domat confirméiert sech elo d'"Patt-Situatioun" an Israel, an d'Regierungsbildung bleift komplizéiert.
Zesummenaarbecht am Fong ausgeschloss
Dem Gadi Eisenkot säin Oppositiounsbündnis wier fir eng Regierungsbildung op d'Ënnerstëtzung vun de sougenannten arabesche Parteien ugewisen. Déi hu mat am Ganzen 19 Mandater een historesch gutt Resultat erziilt.
Den Ex-Arméichef Eisenkot hat awer genee déi Zesummenaarbecht wärend dem Walkampf u ganz streng Bedingunge geknäppt. Ënner anerem misste méiglech Partner sech dozou bekennen, datt Israel ee jiddesche Staat wier.
De Benjamin Netenjahu huet iwwerdeems nëmmen eng Optioun fir eng Regierung zesummen ze kréien. An dat wier, mam Gadi Eisenkot sengem Bündnis eng grouss Koalitioun ze grënnen. Dat hat de Gadi Eisenkot awer ausgeschloss.
Op Neiwale sëtzen
Eng weider Kaart, déi den aktuelle Premier an der Hand huet, ass op Neiwalen ze kalkuléieren. Soulaang et nämlech keng nei Regierung gëtt, bleift hien un der Muecht.
Géint de Benjamin Netanjahu gëtt et zënter November 2024 een internationalen Haftbefeel vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Dat wéinst dem Verdacht op Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet zënter Oktober 2023.