arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Patt-Situatioun" an Israel: Mussen elo Walversprieche gebrach ginn?

Noost-Expert am Interview

|
reading time

5 min

headphones

10 min

play_arrow

"Patt-Situatioun" an Israel: Mussen elo Walversprieche gebrach ginn?

Netanjahu? Eisenkot? Oder awer Neiwalen? Israel steet virun enger ongewësser politescher Zukunft. No de Wale konnt sech keng Majoritéit erauskristalliséieren. Muss elo ee vun de Kandidate mat senge Walversprieche briechen?

reading time

5 min

headphones

10 min

play_arrow
De Benjamin Netanjahu (lénks) an de Gadi Eisenkot (riets) | © picture alliance/dpa | Olivier Fitoussi /  EPA/ATEF SAFADI
De Benjamin Netanjahu (lénks) an de Gadi Eisenkot (riets) (Foto: picture alliance/dpa | Olivier Fitoussi / EPA/ATEF SAFADI)

Israel huet gewielt, mee et ass net zu engem eendeitege Resultat komm. Nach sinn net alleguer d’Stëmmen ausgezielt, mee et kann ee schonn e Resumé zéien: De Premier Benjamin Netanjahu a seng Partei Likud bleiwen déi stäerkste Kraaft, verléieren awer d’Majoritéit.

D’Oppositioun ronderëm de Gadi Eisenkot huet net esou gutt ofgeschnidden, wéi an de Previsioune virausgesot gouf, an huet och keng Majoritéit.

Dat wier eng klassesch Patt-Situatioun, seet de Bauke Baumann am 100,7-Interview. Hien ass Referent fir Israel, Palästina, Jordanien an den Iran bei der Heinrich-Böll-Stiftung zu Berlin, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.

De Bauke Baumann ass en däitschen Expert fir den Noen Osten. | © Flickr / www.stephan-roehl.de / CC BY-SA 2.0
De Bauke Baumann ass en däitschen Expert fir den Noen Osten. (Foto: Flickr / www.stephan-roehl.de / CC BY-SA 2.0)

Netanjahu féiert eng "Politik vun der Angscht"

Den Expert fir den Noen Oste gëtt zou, datt et op den éischte Bléck onerklärlech ass, datt ee wéi de Benjamin Netanjahu weiderhin déi meeschte Stëmme kritt. Ëmmerhi kritt hie Korruptioun virgeworf, huet eng schlecht innepolitesch Bilans opweises, a steet an der Kritik, net ugemoossen op Warnunge virum 7. Oktober reagéiert ze hunn.

Faktesch wier seng Regierung ofgewielt, mee d’Persoun Netanjahu net ganz. Dat läit dem Bauke Baumann no dorun, datt hien eng “Politik vun der Angscht” féiert a sech an Israel als “Mr. Security” presentéiert: Also deen eenzegen, deen d’Israeelie schütze kann.

Dobäi kënnt, datt d’Medielandschaft an Israel dem Premier Netanjahu nosteet an hëlleft, seng Narrativen ze verbreeden, seet de Bauke Baumann.

© picture alliance/dpa | Olivier Fitoussi
(Foto: picture alliance/dpa | Olivier Fitoussi)

Gadi Eisenkot: Anti-Netanjahu-Kandidat, méi awer net?

Dem Oppositiounsblock ronderëm den Ex-Arméichef Gadi Eisenkot war e bessert Resultat virausgesot ginn. Et misst een awer unerkennen, datt och an Israel – wéi a villen anere Länner grad – e “massive Rietsruck” stattfënnt, erkläert de Bauke Baumann.

Ausserdeem géingen et bannent den Oppositiounsparteien inhaltlech guer keng esou grouss Ënnerscheeder zum Benjamin Netanjahu ginn.

De gréissten Ënnerscheed ass deen, datt d’Oppositioun eng Ënnersichung vum 7. Oktober fuerdert. Si stellen d'Roll vun Regierung a vun de Sécherheetskräften a Fro.

De Gadi Eisenkot war um Enn vläicht net méi wéi “just” en Anti-Netanjahu-Kandidat, deen eng sachlech Politik féiert, deem et awer och u politescher Erfarung feelt.

“Da konnte Eisenkot den Unterschied nicht stark genug markieren offenbar.”

©  EPA/ATEF SAFADI
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Wäerte Walversprieche gebrach ginn?

De Benjamin Netanjahu braucht elo also en neie Regierungsblock, wann hien un der Muecht wëllt bleiwen – an datt hien dat wëllt, steet ausser Fro. Mee wéi eng Optiounen huet hien?

Den Noost-Expert stellt fest, datt eng Majoritéit just ka geformt ginn, wann ee vun de Kandidate mat senge Walversprieche brécht. 

Eng Optioun wier eng Regierung vun der “nationaler Eenheet”, also eng grouss Koalitioun tëschent Netanjahu an Eisenkot. 

Genee dat huet de Gadi Eisenkot awer ëmmer ausgeschloss. Géing hien et maachen, da géing den Ex-Arméichef och ganz vill vu senger Wieler:innen enttäuschen, schliisslech war et jo säin Zil de Benjamin Netanjahu vum Troun ze stoussen.

Eng weider Kaart, déi den Nach-Premier Netanjahu an der Hand huet, sinn Neiwalen. Soulaang nämlech keng nei Regierung steet bleift hien am Amt. Bei Neiwale kéint d’Oppositioun och méi schlecht ofschneiden.

Historesch Walbedeelegung bei den arabeschen Israeelien

Dat bekannt “Zünglein an der Waage” kéinten déi sougenannt arabesch Parteie ginn. Si hunn historesch staark ofgeschnidden a kommen aller Viraussiicht no op 19 Sëtz. 

20 Prozent vun den israeelesche Staatsbierger:inne hu palästinensesch Originnen a sinn an der Vergaangenheet dacks net wiele gaang, well si diskriminéiert gi sinn a sech net als Deel vun der Gesellschaft gesinn hunn.

Zënter der Hamas-Attack vum 7. Oktober an der Situatioun, déi doraus entstanen ass, huet sech dat awer geännert, a si wëlle sech méi abréngen. 80 Prozent vun den arabeschen Israeelie si wiele gaang.

“Die sogenannten arabischen Parteien haben die Handausgestreckt und gesagt, wir stehen für eine Regierungsbildung gegen Netanjahu zur Verfügung. Bisher nimmt nur keiner diese Hand an aus dem Oppositionslager.”

Och eng Minoritéitsregierung ass eng Optioun

De Gadi Eisenkot hat sech am Virfeld vun de Walen awer géint eng Zesummenaarbecht mat den arabesche Partien ausgeschwat. Rechneresch ass et awer déi eenzeg Méiglechkeet, eng Majoritéit géint de Benjamin Netanjahu ze fannen.

De Bauke Baumann traut dem Gadi Eisenkot och zou, datt hie seng Meenung nach emol wiesselt.

Fakt ass awer och, datt et ganz schwéier wäert ginn eng Koalitioun ze formen, well déi arabesch Parteie jo aus ville verschiddenen Deeler bestinn.

Deemno kéint och eng Minoritéitsregierung ënner dem Eisenkot méiglech sinn, déi da vun den arabesche Parteien aus der Oppositioun eraus akzeptéiert gëtt.

De Krich mam Iran kéint d'Situatioun nees veränneren

Aktuell gëtt och nees gefaart, datt de Krich tëschent dem Iran an Israel an eng nächst Phas kéint iwwergoen. Truppebeweegungen a verschidden Aussoe vum Benjamin Netanjahu deiten dorop hin. Dat kéint dem Premier nees an d’Kaarte spillen, mengt de Bauke Baumann.

Esou eng Krichssituatioun stellt vill innepolitesch Froen an den Hannergrond. D’Wieler:innen an d’Parteie kéinten drëm beméit sinn, einfach séier e Kompromëss ze fannen, fir wärend dem Krich temporär fir stabil Verhältnisser ze suergen.

“Es wäre siche kein gutes Zeichen für alle die Veränderung tatsächlich in Israel wollen, auch mit Blick auf die Justizreform, die ja immer noch voranschreitet solange Netanjahu mit seiner Regierung an der Macht ist.”

Déi nächst Deeg wäerte weisen, a wéi eng Richtung et an Israel goe wäert.

play_arrow Lauschteren