search

/ No israeeleschen Attacken: Humanitär Situatioun vun de Leit am Libanon ass desastréis

Noen Osten

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

No israeeleschen Attacken: Humanitär Situatioun vun de Leit am Libanon ass desastréis

1,2 Millioune Mënsche goufen am Libanon am Kontext vun den Israeelesche militäreschen Interventioune géint d’Hisbollahmiliz deplacéiert. Déi humanitär Situatioun vun deene Leit wier desastréis, dat huet d’OIM, déi international Migratiounsorganisatioun haut nach eng Kéier bedauert.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
E Meedchen sëtzt no israeeleschen Attacken eleng zu Beirut  | © EPA/WAEL HAMZEH
E Meedchen sëtzt no israeeleschen Attacken eleng zu Beirut (Foto: EPA/WAEL HAMZEH)

D’ONG Care Lëtzebuerg huet haut een Appell lancéiert fir Spenden ze sammelen.

Mol keng Zäit fir Saachen ze packen

20 Prozent vun der libanesescher Populatioun goufe wéinst den israeeleschen Attacken op Positioune vun der pro-iranescher Hisbollahmiliz deplacéiert. Dacks haten déi Leit mol keng Zäit fir dat néidegst mat ze huelen, erkläert de Cyril Bassil, Spriecher vun der ONG Care am Libanon.

"Donc, ils ont dû quitter leur maison, leur appartement, dans le Liban Sud, dans la Bekaa et même dans certaines régions de Beyrouth, en quelques secondes. Donc, ils sont partis de chez eux juste avec les habits qu'ils ont sur eux, avec pas d'argent, pas leurs médicaments au cas où ils en ont besoin, avec rien, pas d'eau."

Kee Waasser a keen Iessen

De Leit feelt dat Allernéidegst, betount de Cyril Bassil. Seng Organisatioun verdeelt och humanitär Hëllef.

"On est en train d'aller dans différents abris pour distribuer de l'eau, pour distribuer de la nourriture, pour distribuer des matelas. Et donc, pendant ces moments de distribution, on rencontre ces personnes et on parle avec eux et on comprend en fait qu'ils sont en train de traverser un stress immense, une anxiété et une peur qui sont absolument immenses."

Déi libanesesch Autoritéiten hunn eng Rei Opfangstrukturen opgebaut, mee dat géif bei Wäitem net duergoe fir 1,2 Milliounen Deplacéierter ze empfänken. 136.000 Plaze wieren iwwert dee Wee geschaf ginn. De Cyril Bassil betount datt vill Deplacéierter dobaussen iwwernuechten. Aktuell géif et am Libanon reenen, wat d’Situtaitoun nach verschlëmmere géif. 

Psychologesch Hëllef ass néideg

Souwuel eeler Mënschen, wéi och Kanner wiere besonnesch fragiliséiert. Fir déi Kleng gi Psychologe mobiliséiert, esou de Cyril Bassil.

"On offre beaucoup de séances aussi d'accompagnement psychologique, parce que les enfants, on est en train de rencontrer beaucoup d'enfants qui n'arrivent pas à s'exprimer, qui n'arrivent pas à parler, qui sont complètement traumatisés. Et donc, du coup, on offre beaucoup de soutien psychologique aussi pour leur venir en aide."

Care Libanon fuerdert iwwerdeems datt d’Organisatioun ee sécheren Zougang kritt zu de Populatiounen am Süde vum Land fir och do de Leit kënnen ze hëllefen.

play_arrow Lauschteren