search

/ No engem vu Gewalt gezeechente Walkampf wielt Kolumbien haut en neie President

Südamerika

|
reading time

1 min

No engem vu Gewalt gezeechente Walkampf wielt Kolumbien haut en neie President

A Kolumbien ass haut den zweeten Tour vun de Presidentewalen. 41 Millioune Wieler sollen e Successeur fir den aktuelle President Gustavo Petro bestëmmen. Si hunn de Choix tëschent dem lenke Senateur Ivan Cepeda an dem rietsen Affekot Abelardo de la Espriella. 

reading time

1 min

(v.l.n.r.) Ivan Cepeda, Abelardo de la Espriella | © EPA/Ernesto Guzmán Jr; EPA/Ricardo Maldonado Rozo
(v.l.n.r.) Ivan Cepeda, Abelardo de la Espriella (Foto: EPA/Ernesto Guzmán Jr; EPA/Ricardo Maldonado Rozo)

De Walkampf war vu Gewalt dominéiert. Et goufen eng Partie Uschléi, bei deenen Zivilisten, Zaldoten an och Poliziste blesséiert goufen, oder souguer ëm d'Liewe komm sinn. 

USA halen en A op d'Wal

Besonnesch opmierksam dierften d‘Walen och an den USA suivéiert ginn, den Donald Trump huet an der lescht de rietse Kandidat de la Espriella e puer mol ëffentlech ënnerstëtzt. Eng méiglech Walvictoire wier gutt fir d‘Relatiounen tëschent béide Länner, esou den Donald Trump.

Kolumbianesch Zaldote patrulléiere virun der Presidentestéchwal zu Cali | © EPA/Ernesto Guzmán
Kolumbianesch Zaldote patrulléiere virun der Presidentestéchwal zu Cali (Foto: EPA/Ernesto Guzmán)