arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gedenkfeier fir de Fidel Castro: D'USA géife Kuba op eng brutal Manéier belageren

Kuba

|
reading time

1 min

Gedenkfeier fir de Fidel Castro: D'USA géife Kuba op eng brutal Manéier belageren

Zu Havanna op Kuba gëtt haut dem Revolutionschef Fidel Castro gedeucht. Hie wier haut 100 Joer al ginn. Bei der Commemoratiounsfeier gouf et och Kritik géint d'USA: Dës géife mat hirem Embargo déi kubanesch Insel op eng brutal an onmoralesch Manéier belageren.

reading time

1 min

Kuba | © picture alliance / Zoonar | Dmytro Sidashev
Kuba (Foto: picture alliance / Zoonar | Dmytro Sidashev)

Fir politesch a wirtschaftlech Reformen am Intressi vun den USA zu Kuba ëmzesetzen, mécht d'Trump-Regierung schonn zënter Méint a Joren Drock op de kommunistesche Staat. Duerch den US-Embargo ass ënner anerem de Pëtrol op der Insel knapp. 

Op der Gedenkfeier war och de 95 Joer ale Raoul Castro, de Brudder vum verstuerwene Fidel Castro. Medieberichter no war hie schonn zënter Méint net méi an der Ëffentlechkeet opgetrueden.

De Fidel Castro ass am Joer 2016 gestuerwen.