Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No den Europawalen: Wéi gesinn d'Ëmweltverbänn d'Resultat?

EU-Ëmweltpolitik

No den Europawalen: Wéi gesinn d'Ëmweltverbänn d'Resultat?

Wou steiert déi nei EU-Kommissioun a Saachen Ëmwelt hin? Ëmmerhi ginn eng 80 Prozent vun de Gesetzestexter am Ëmweltberäich zu Bréissel ausgeschafft. D’Ëmweltorganisatiounen interesséiert déi nei Konstellatioun zu Bréissel no den Europawalen also ëmsou méi.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser
Foto: picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser

D’Erwaardungen un d’Europaparlament an un d’Kommissioun wieren déi selwecht bliwwen, esou d’Blanche Weber vum Mouvement écologique. Wuel wier et EU-wäit e Rietsruck ginn, mee et misst een och kënnen op déi Parteie setzen, déi aktuell d’Majoritéit am Europaparlament hunn. Déi absolut Majoritéit géif nach ëmmer vu Parteie gestallt ginn, déi d'Klima- a Biodiversitéitskris wéilten eescht huelen.

Wichteg wier sou oder sou, datt an Zukunft ekologesch a sozial Aspekter zesumme géifen ugaange ginn, esou nach d’Blanche Weber.

Roby Biever: Texter riskéiere weider verwässert ze ginn

D’EU wier ëmmer nees e Virreider a Saachen Ëmweltpolitik gewiescht, esou de President vun Natur an Ëmwelt Roby Biever. Dozou zielen de Green Deal, d’Natur-Restauréierungsdirektiv oder nach d’Habitat-Direktiv.

Allerdéngs wieren duerch politesch Manipulatiounen an der Lescht eng ganz Rei vun deenen Texter verwässert ginn. Dat riskéiert mat der neier Zesummesetzung vum Parlament net besser ze ginn.

"Wann elo natierlech déi Kräften, déi dat ëmmer erëm a Fro gestallt hunn oder lächerlech gemaach hunn, méi staark am Europaparlament ginn, da maachen ech mir seriö Suergen ëm d'Ëmweltpolitik op europäeschem Plang.“

Gi wichteg Decisiounen ausgebremst?

Och de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg gesäit d’Walresultat skeptesch. Et wieren déi politesch Kräfte gestäerkt ginn, déi wichteg ëmweltpolitesch Decisiounen éischter géingen ausbremsen. Parteien, déi "net progressiv si wat den Ëmweltschutz ugeet, wat d‘Energiepolitik ugeet.“

Hie fäert, datt an Zukunft nach méi op falsch Solutioune gesat gëtt, wéi d‘Atomenergie oder 'carbon capture and storage'.

Aktualitéit
Europawalen