Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Wierder, déi (relativ) rezent an den LOD opgeholl goufen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No déidlecher Attack op ee Gefaangenentransport: D'Sich nom Prisonéier geet weider

Frankräich

No déidlecher Attack op ee Gefaangenentransport: D'Sich nom Prisonéier geet weider

No der déidlecher Attack op ee Gefaangenentransport a Frankräich sicht d‘Police mat grousse Moyenen no de Schëllegen an nom Prisonéier, dee fortgelaf ass. Zwee Giischtercher koume beim Iwwerfall an der Normandie gëschter um Dënschden ëm d‘Liewen.

auto_stories

1 min

Gefaangenentransport Iwwerfall Frankräich | © Screenshot X
Foto: Screenshot X

De Won huet de Prisonéier Mohamed Amra vun engem Geriicht zeréck an e Prisong transportéiert. Bei engem Autobunnspéage ass een Auto an de Fourgon gerannt. Zwee Männer hunn op d‘Giischtercher geschoss. Zwee vun hinne koumen ëm d‘Liewen, dräi goufen der blesséiert. Een ass nach a Liewensgefor.

De Prisonéier Mohamed Amra, dee rezent wéinst engem Abroch verurteelt gi war, ass mat senge Komplize geflücht.

All Moyene géifen agesat ginn, fir si ze fannen, sot de franséische Justizminister Eric Dupond-Moretti.