Radioen

On air

Tockcity  |  Das Koolies - Som Bom Magnifico

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No déidlechem Virfall a Péitenger Disco: Sécherheetsagent aus Untersuchungshaft fräi gelooss

National

No déidlechem Virfall a Péitenger Disco: Sécherheetsagent aus Untersuchungshaft fräi gelooss

De Sécherheetsagent, deen zu Péiteng virun zwou Woche wéinst „coups et blessures volontaires“, respektiv onfräiwëllegem Doudschlag festgeholl gouf, gouf elo aus der Untersuchungshaft entlooss. Dat huet eis de Parquet op Nofro hin confirméiert.

auto_stories

1 min

An der Nuecht op den 23. Dezember koum et an enger Péitenger Disko zu enger Konfrontatioun tëscht engem Sécherheetsagent an engem Client. De Client ass dobäi gefall a gouf esou schwéier verwonnt, datt e kuerz drop verstuerwen ass.

Mëttlerweil ass den 57 Joer alen presuméierten Täter erëm op fräiem Fouss a gouf ënner „Controle Judiciare“ gestallt, heescht et nach vum Parquet. Dëst mat der Begrënnung vun der Chambre du Conseil vum Bezierksgeriicht, datt d‘Konditioune fir eng Untersuchungshaft net méi erfëllt waren.

E presuméierten Täter muss an Untersuchungshaft bleiwen, wann d'Gefor besteet, datt dëse sech duerch d'Bascht mécht, méiglech Beweiser manipuléiert oder de Risk besteet, dass de Concernéierte weider Strofdote begeet.