D‘EU-Kommissioun hat déi Sue fir Polen zeréckgehalen, wéinst de ganz ëmstriddene Reforme vun der national-konservativer Regierung vum Premier Morawiecki, ënner anerem vum Justizsystem.
Den neie polnesche pro-europäesche Ministerpresident Donald Tusk huet op X geschriwwen, datt déi EU-Gelder fir den Ausbau vun erneierbaren Energien a Pole bestëmmt wieren.