D'israeelesche Militär huet en éischte Pressebriefing zur aktueller Lag ofginn: Do wier bestätegt ginn, datt Israel d‘Attack op den Iran lancéiert huet, mam Zil "déi existenziell Bedroung vum Iran signifikant ze schwächen". Soss wier d’Militär net besonnesch präzis ginn.
Staatschef Ali Chamenei am Viséier
Journaliste mat gudde Sourcen zur Regierung an d’Arméi hätten de Moie geschriwwen, datt Israel versicht hat den iranesche Staatschef Ali Chamenei ëmzebréngen. Dat wollt d’Militär awer net bestätegen, heescht et vun eisem Israel-Korrespondent Léonardo Kahn vun Tel Aviv.
Op d’Fro, wéi laang Israel sech op e Krich mam Iran wéilt aloossen, hätt de Spriecher just geäntwert "esou laang wéi néideg". Bis elo géifen et och nach keng confirméiert Informatioune ginn, datt Ziler am Iran getraff gi wieren.
De ganze Reportage kënnt Dir hei lauschteren.