search

/ No Kritik vum Friedrich Merz: 5.000 US-Zaldote sollen ofgezu ginn

USA

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

No Kritik vum Friedrich Merz: 5.000 US-Zaldote sollen ofgezu ginn

De Pentagon huet de Réckzuch vu 5.000 Zaldotinnen an Zaldoten annoncéiert, déi an Däitschland stationéiert sinn. Dat ass eng Reaktioun op d’Kriticke vum däitsche Kanzler Friedrich Merz iwwer den US-amerikanesche Konflikt am Noen Osten.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Den US-President Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Abaca/Pool via CNP
Den US-President Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Abaca/Pool via CNP)

Vum US-President koumen direkt zwou Menacen. Dem Bundeskanzler seng Kriticken, datt d’Amerikaner sichtlech keng Strategie am Iran hunn an datt d’Teheran déi gréisste Weltmuecht géif erniddregen.

Spannungen tëschent USA an Däitschland

Op déi Remarque koum direkt eng Reaktioun vum Donald Trump. Den US-amerikanesche President hat d’NATO-Partner ëm hir militäresch Hëllef gefrot, fir am Noen Osten de Regimm vun Teheran néierzeschloen, eppes wat d’Europäer net gemaach hunn.

Déi meescht wëllen net an ee Krich eragezu ginn, dee se net mat decidéiert hunn an deen den internationale Reegelen no och illegal wier. 

Den Donald Trump reagéiert an dreet mat enger Reduzéierung vun den US-Zaldot:innen, déi an Däitschland stationéiert sinn. Aktuell wieren der 36.000 an Däitschland present. Bannent de nächste 6 bis 12 Méint géifen der 5.000 ofgezu ginn, dat huet elo de Pentagon confirméiert.

Viséiert kéinten och Italien a Spuenie ginn. Spuenien huet jo zum Beispill dem US-Militärfliger verbueden iwwer den Territoire ze fléien. A béide Länner sinn eng 16.000 US-Zaldot:innen nach present.

Nieft Zaldoten och Douanestaxen

Mee den Donald Trump huet donieft nach eng kommerziell Waff, nämlech d’Douanestaxen. Déi géife fir europäesch Gefierer déi an d’USA exportéiert ginn op 25 Prozent eropgesat ginn. Wëssens, datt den amerikanesche Marché fir déi däitsch Automobilindustrie kruzial ass. Allerdéngs ass fir den Ament nach net gewosst, wéi een Typ vu Gefier genee concernéiert ass.

Den Donald Trump argumentéiert, datt d’EU de kommerziellen Accord vun zejoert nach net ëmgesat huet.

Deen ass awer nach an der Ratifizéierungsprozedur, net all Land huet deen Accord schonn ënnerschriwwen.

D’EU-Kommissioun huet scho reagéiert. Et wéilt ee fir d’éischt déi genee Informatiounen iwwer déi annoncéiert Hausse vun den Douanestaxen ofwaarden. Da kéint een och Géigemoossnamen an d’A faasse beim Import vun US-Amerikanesche Wueren an d’EU.

play_arrow Lauschteren