Zanter der terroristescher Attack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober hunn un der Grenz Attacke vun der Hisbollah Miliz op Israel zougeholl. Et gëtt gefaart, dass de Krich och do weider eskaléiere kéint.
An der Gazasträif sollen haut nees Honnerten Auslänner d‘Gebitt kënne verloossen, d‘Grenz mat Ägypte géif nees eng kuerz Zäit opgemaach gi fir e puer Honnert Auslänner oder Leit mat duebeler Nationalitéit ze evakuéieren.