Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean Asselborn zitt sech aus aktiver Politik zeréck

No 40 Joer

Jean Asselborn zitt sech aus aktiver Politik zeréck

No iwwer 40 Joer wëllt de Jean Asselborn mat der aktiver Politik ophalen. De fréieren LSAP-Ausseminister deelt op Facebook mat, datt all déi Joren an der Politik hir Spueren hannerlooss hätten.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

De Jean Asselborn zitt e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär, dat huet hien de Moien op Facebook annoncéiert. Hien hätt an de leschte Wochen Zäit a Rou gehat, sech alles ze iwwerleeën.

Doropshin hätt hien d‘Parteiféierung vun der LSAP informéiert, datt et besser wier, net mat him fir déi nächst Europaparlamentswalen ze plangen.

Hie wier net iwwerzeegt, datt hien déi néideg Motivatioun an Energie nach kéint opbréngen. 

Hien hätt vill Engagementer fir déi nächst Méint am Ausland ugebuede kritt. De Jean Asselborn wéilt alles drusetzen, datt d‘EU an hirer Essenz net zerstéiert gëtt. Wat genee déi Engagementer sinn, preziséiert de Jean Asselborn net.

Op eis Nofro hi wollt hien och kee weidere Kommentar ginn. Den LSAP-President Dan Biancalana huet den annoncéierte Réckzuch vu sengem Parteikolleeg am 100,7-Interview bedauert, géif d‘Decisioun awer och verstoen. 

"Ech muss ganz kloer soen, datt de Jean Asselborn ganz vill Meritte bei eis an der Partei huet duerch déi verschidde Funktiounen, déi hien hat. Souwuel als Deputéierte wéi och als Buergermeeschter respektiv och als Parteipresident. An eeben awer och déi lescht 20 Joer als Ausseminister natierlech d'Aussepolitik vu Lëtzebuerg an awer och d'Europapolitik gepräägt huet."

Lauschterenplay_arrow