Als Géigeleeschtung soll de Gadaffi gutt Geschäfter mat franséischen Entreprisen an Hëllef fir säi Retour op der internationaler Bün zougesot kritt hunn.
Am Dezember 2007 war de Muammar al-Gaddafi am Elysée Palais zu Paräis empfaange ginn.
Nieft dem Sarkozy sinn nach 12 Leit ugeklot, dorënner dräi fréier Ministeren. Den Nicolas Sarkozy riskéiert an dësem Prozess bis zu 10 Joer Prisong an eng héich Geldstrof.
Am Dezember zejoert war hie scho wéinst illegalem Afloss op d'Justiz verurteelt ginn. Hie muss ee Joer laang eng Foussfessel droen.