Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ G7-Ausseminister treffe sech zu Tokio: Diskussioun iwwer Noen Osten

G7-Treffen

G7-Ausseminister treffe sech zu Tokio: Diskussioun iwwer Noen Osten

Haut a muer treffen sech d’G7-Ausseministerinnen an Ausseministeren zu Tokio. Am Mëttelpunkt wäert de Krich am Gaza stoen. Haut ass et genee ee Mount hir datt d’Hamas Israel attackéiert. Diskutéiert soll ënnert anerem iwwer ee méigleche Waffestëllstand an der Gazasträif ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Sina Schuldt play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt)

Israel refuséiert nämlech weiderhin ee Waffestëllstand, esou laang déi israeelesch Bierger déi viru genee engem Mount vun der islamistescher Hamas festgeholl gi sinn, net fräi gelooss ginn. Den UN-Generalsekretär huet dogéint op en Neits ee séiere Waffestëllstand an der Gazasträif verlaangt.

Guterres: Gaza wéi ee Kannerkierfecht

Gaza géif ëmmer méi zu engem risege Kanner-Kierfecht ginn. D‘Leed vun der Zivil-Populatioun misst en Enn kréien an et misst direkt Hëllef bei d‘Leit gelooss ginn, fuerdert den Antonio Guterres. Méiglech wiere kuerz taktesch Pause fir Hëllefsgidder ze liwweren, awer keng generaliséiert Wafferou, esou den Netanjahu a Gespréicher mam amerikanesche President iwwer e Waffestëllstand aus humanitäre Grënn.

G7: Diskussioun iwwer d’Manéier vun humanitärer Paus

Den US-Ausseminister Antony Blinken, deen den Ament op diplomatescher Rees am Noen Osten ass, koum de Moien zu Tokio u fir seng Homologen iwwer d‘Entwécklungen am Noen Osten ze informéieren.

Et wéilt een iwwer d’Manéier diskutéiere wéi een déi humanitär Paus kéint aféieren, dat sot déi däitsch Ausseministerin gëschter an engem Schreiwes.

Ukrain och am Mëttelpunkt

Doriwwer eraus géif awer och d‘Ukrain weider am Mëttelpunkt vun de Gespréicher vum G7-Treffe stoen, esou d’Annalena Baerbock. Wann d‘Ënnerstëtzung fir d’Ukrain elo géif noloossen, da géing Russland dat ouni Erbaarmen ausnotzen an dat hätt terribel Konsequenze fir d’Ukrainer a fir Europa, heescht et am selwechte Communiqué.

Geplangt ass an deem Kontext och eng Video-Konferenz mam ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba wärend dem G7-Treffen. Donieft wäerten och d’Tensiounen tëschent Armenien an Aserbaidschan haut a muer Thema sinn.

Zu de G7-Länner vun de wirtschaftsstaarken Demokratië gehéieren Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, Kanada, d’USA a Groussbritannien. 

Lauschterenplay_arrow