Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Ada - Unbelievable

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu leent Fuerderung fir Wafferou of

Noen Osten

Netanjahu leent Fuerderung fir Wafferou of

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d‘Fuerderunge fir eng Wafferou an der Gazasträif ofgeleent. Eng Wafferou géif bedeiten, datt ee vis a vis den Terroriste vun der Hamas géif kapituléieren, sou den israeelesche Regierungschef viru Journalisten zu Tel Aviv. Hien huet d‘Bibel zitéiert a sot, et wier elo eng Zäit fir Krich.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Op enger Drénglechkeetssëtzung vum UNO Sécherheetsrot hunn Hëllefsorganisatioune vun der UNO widderholl, eng humanitär Waffepaus wier dréngend néideg. D‘Situatioun an der Gazasträif géif sech vu Stonn zu Stonn verschlechteren, Dausende Kanner géife stierwen, esou d‘Unicef.

Israel huet seng Buedemoffensiv an der Gazasträif weider ausgebreet. Déi israeelesch Truppe wieren elo op béide Säite vun der Stad Gaza opgestallt, esou Berichter. Gëschter Owend hat d‘Arméi gemellt, datt eng israeelesch Zaldotin befreit gi wier, déi de 7. Oktober vun der Hamas als Geisel geholl gouf.

D‘Hamas huet hirersäits e Video verëffentlecht vun dräi Fraen, déi als Geisel gehale ginn. Den israeelesche Premier sot de Video wier eng grausam psychologesch Propaganda.